Joaquín Turina
Joaquín Turina | |
---|---|
Gebuer |
9. Dezember 1882 Sevilla |
Gestuerwen |
14. Januar 1949 Madrid |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Dirigent, Musikolog, Universitéitsprofesser, Pianist, Komponist |
De Joaquín Turina Pérez, gebuer den 9. Dezember 1882 zu Sevilla, a gestuerwen de 14. Januar 1949 zu Madrid, war e spuenesche Komponist.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Turina huet mat véier Joer ugefaangen, Akkordeon ze spillen an huet nach wärend senger Schoulzäit Piano geléiert, vun 1894 un och Harmonieléier a Kontrapunkt bem Evaristo Garcia Torres. Vun 1897 un ass hie reegelméisseg als Pianist, musikalesche Leeder an Interpret och vun eegene Kompositiounen a Sevilla opgetrueden.
Vun 1902 un huet hien zu Madrid beim Pianist José Tragó studéiert. Do huet en och säi Landsmann a Frënd, de Manuel de Falla, kennegeléiert. Vun 1905 bis 1913 huet en zu Paräis gelieft, wou e Piano beim Moritz Moszkowsky a Kompositioun beim Vincent d'Indy a senger Schola Cantorum studéiert huet.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Kompositiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Bünewierker
- Margot op. 11. Comedia lírica an zwee Akten, Buch: Gregorio Martínez Sierra
- Jardín de Oriente op. 25 (1922). Oper an engem Akt, Buch: Gregorio Martínez Sierra
- Orchestermusek
- La procesión del Rocío op. 9 (1913)
- Danzas fantásticas op. 22 (1919). Beaarbechtung vun der Pianoskompositioun mam selwechten Numm
- Sinfonía Sevillana op. 23 (1920).
- La oración del torero op. 34 (D'Gebiet vum Torero) Sträicher-Beaarbechtung vun enger Lautekompositioun
- Rapsodia sinfónica op. 66 (1934) fir Piano a Sträichorchester
- Kammermusek
- Sträichquartett Nr. 1 a ré mineur op. 4 (1911)
- El poema de una sanluqueña op. 28 (1924) für Violine und Klavier
- Pianosquartett a la mineur op.67
- Violinsonaten op. 51 (1926) an op. 82
- Serenata op. 87 (1935) fir Sträichquartett
- Pianosmusek
- Sevilla op. 2 (1908)
- Sanlúcar de Barrameda. Sonata pintoresca op. 24 (1920)
- Danzas Gitanas op. 55 (1930) an op. 84 (1934)
- Concierto sin orquesta op. 88 (1935)
- Gittarsmusek
- Sevillana op. 29 (1923)
- Fandanguillo op. 36 (1925)
- Ráfaga op. 53 (1930)
- Sonata op. 61 (1932)
- Homeneja a Tarrega - Garotin, Soleares op.69 (1932)
- Lidder
- Poema en forma de canciones op. 19 (1918) fir Gesang a Piano. Texter vum Ramón de Campoamor
- Canto a Sevilla op. 37 (1925). Lidderzyklus fir Gesang a Piano oder Orchester, Texter vum José Muñoz San Román
- Saeta, en forma de salve, a la Virgen de la Esperanza op. 60 fir Gesang a Piano oder Orchester, Text vum Joaquín y Serafín Álvarez Quintero
- Las musas de Andalucía op. 93 (1942) fir Gesang, Piano a Sträichquartett
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Enciclopedia abreviada de música, Madrid 1917
- Tratado de composición musical, Madrid 1942-1948