Manuel de Falla

Vu Wikipedia
Manuel de Falla
Gebuertsnumm Manuel María de los Dolores Clemente Ramón del Sagrado Corazón de Jesús Falla y Matheu
Gebuer 23. November 1876
Cádiz
Gestuerwen 14. November 1946
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Komponist, Dichter, Pianist
Member vun Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina

De Manuel María de Falla y Matheu, gebuer den 23. November 1876 zu Cádiz a gestuerwen de 14. November 1946 zu Alta Gracia an Argentinien, war e spuenesche Komponist.

Hien huet 1896 nahm um Madrider Conservatoire Piano geléiert, an huet an de Joren duerno eng Rëtsch Präisser gewonnen a seng éischt Kompositiuonen, dorënner Lieder, Piano- a Kammermusek.

1905hat hie säin Duerchbroch mat der Oper La vida breve, déi den éischte Präis beim Opereconcours vun der Real Academia de Bellas Artes de San Fernando gewonnen huet. 1907 ass en op Paräis gaangen, wou en impressionistesche Komponiste wéi de Claude Debussy, Maurice Ravel, Paul Dukas an den Isaac Albéniz kennegeléiert huet, déi säi Stil mat beaflosst hunn. Aus där Zäit si seng Kompositiounen Trois mélodies (1909, no Gedichter vum Théophile Gautier) a Siete canciones populares españolas (1912).

Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, goung den de Falla hannescht op Madrid, wou 1915 seng „Gitanería“ El amor brujo Première hat (et gouf duerno zu engem Ballett mat Gesang ëmgeschriwwen). 1916 koum d'Suite fir Piano an Orchester Noches en los jardines de España eraus. Aner Wierker déi nokoumen, waren El corregidor y la molinera (1917), dat en dunn an de Ballett El sombrero de tres picos ëmgeschriwwen huet (1919).

An de Joren duerno huet sech säi Stil vum Impressionismus ewech zu engem méi "spracken", klassesche Stil hin entwéckelt. 1923 koum d'Poppenoper El retablo de maese Pedro, nom Cervantes sengem Don Quijote, eraus, 1926 e Concert fir Cembalo a fënnef Soloinstrumenter, an huet duerno den szeneschen Oratorium Atlántida ugefaangen ze schreiwen, deen en awer net fäerdeg krut.

1939 ass den de Falla an Argentinien emigréiert, wou en 1946 gestuerwen ass. E gouf a senger Gebuertsstad Cádiz begruewen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Bünewierker
  • La casa de Tócame Roque. Zarzuela (1900; verluer gaaangen)
  • Limosna de amor. Zarzuela (1901)
  • Los amores de la Inés. Zarzuela (1902)
  • El cornetín de órdenes. Zarzuela (1903, mam A. Vives; verluer gaangen)
  • La cruz de Malta. Zarzuela (1903, mam A. Vives; verluer gaangen)
  • La vida breve. Lyreschen Drama (1904–1905)
  • El amor brujo. Ballet (1914–1915)
  • Soleá. Schauspillmusek (1916)
  • El corregidor y la molinera. Farsa mimica (1916–1917); 1918–1919 als El sombrero de tres picos verschafft
  • El fuego fatuo. Komesch Oper nom Chopin (1918–1919); net fäerdeg ginn.
  • El retablo de maese Pedro. Poppenoper (1919–1922)
  • Auto de los reyes magos. Schauspillmusek (1923)
  • El gran teatro del mundo. Schauspillmusek (1927)
  • La vuelta de Egipto. Schauspillmusek (1935)
  • Atlántida. Cantata escénica (net fäerdeg ginn; vum E. Halffter nom de Falla seng Doud ofgeschloss)
Orchesterweirker
  • Noches en los jardines de España fir Piano an Orchester (1911–1915)
  • Homenajes (1920–1939) (Fanfare sobre el nombre de E. F. Arbós – à Cl. Debussy – à P. Dukas – Pedrelliana)
Lieder
  • Dos rimas (1899–1900)
  • Preludios (1900)
  • Tus ojillos negros (1902)
  • Trois mélodies (1909)
  • Siete canciones populares españolas (1914–1915)
  • Oración de las madres que tienen a sus hijos en brazos (1914)
  • El pan de ronda (1915)
  • Soneto a Córdoba (1927)
aner Vokalwierker
  • Psyché fir Gesang, Flütt, Harf a Strâichertrio (1924)
  • Invocatio ad individuam Trinitatem fir 3 Fraestëmmen (1928)
  • Sinite parvulos für 3 Kannerstëmmen (1932)
  • Balada de Mallorca nom Chopin fir Chouer (1933)
  • Himno marcial nom Pedrell (1937)
Kammermusek
  • Melodía fir Violoncello a Piano (1897–1899)
  • Mireya fir Flütt a Pianoquartett (1899)
  • Pianoquartett (1899)
  • Romanza fir Violoncello a Piano(1899)
  • Serenata andaluza fir Violine a Piano(1899)
  • Homenaje Le tombeau de Claude Debussy fir Gittar (1920; orchestréiert an Homenajes)
  • Fanfare pour une fête (1921)
  • Concert fir Cembalo, Flütt, Hautbois, Klarinett, Gei a Violoncello (1923–1926)
Pianowierker
  • Nocturno (1899)
  • Serenata andaluza (1899)
  • Canción (1900)
  • Vals-capricho (1900)
  • Cortejo de gnomos (1901)
  • Hoja de álbum (1902)
  • Allegro de concierto (1903)
  • Pièces espagnoles (1902–1908)
  • Fantasía bética (1919)
  • Canto de los remeros de Volga (1922)
  • Pour le tombeau de Paul Dukas (1935; orchestréiert an Homenajes)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacoba Grunfeld (Hrsg.): Manuel de Falla – Spanien und die neue Musik. Ein Lebensbild in Schriften, Bildern, Erinnerungen. Die Arche, Zürich 1968.
  • Kurt Pahlen: Manuel de Falla und die Musik in Spanien. Walter, Olten/Freiburg im Breisgau 1953.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Manuel de Falla – Biller, Videoen oder Audiodateien