Sonia Welter
Ausgesinn
Sonia Welter | |
---|---|
Gebuer | 28. Abrëll 1949 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Fluchbegleeder |
D'Sonia Welter, gebuer den 28. Abrëll 1949 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sculptrice.
Si huet vun 1969 - 1972 zu Genf op der École des beaux arts Skulptur beim Gabriel Stanulis, dem Willy Sutter an dem Alexandre Meylan geléiert.
No hirem Studium ass si vun 1973 un als Stewardess bei der Lufthansa geflunn. An där Zäit léiert si hire spéidere Mann, de Bernhard Holzwarth, kenne mat deem si sech 1975 bestuet huet a véier Kanner krut.
D'Sonia Welter wunnt zu Fulda.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Plastik vum Nik Welter um Square Nik Welter zu Miersch
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2002: Melusine und ihre Schwestern - Hundert Wasserweibchen, Konschthaus Beim Engel, Stad Lëtzebuerg
- Zanter 2001 reegelméisseg Ausstellungen am Kader vun der Galerie Artlantis zu Bad Homburg.