Yves Mersch

Vu Wikipedia
Yves Mersch
Gebuer 1. Oktober 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Ekonomist, Affekot, Banquier

Den Yves Mersch, gebuer den 1. Oktober 1949 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist a Politolog. Zanter dem 15. Dezember 2012 ass hien Direktiounsmember vun der Europäescher Zentralbank (EZB). Am Abrëll 2019 gouf hie fir de Poste vum President vum Conseil de surveillance prudentielle vun der EZB virgeschloen.[1]

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Den Yves Mersch war ufanks am Finanzministère Directeur du Trésor a vun 1985 un, ë. a. Regierungskommissär bei der Lëtzebuerger Bourse.

Zanter hirer Grënnung 1998 bis Enn 2012 war hie President vun der Banque centrale du Luxembourg.

Hie war och Member vum Rot vun der Europäescher Zentralbank, an huet Lëtzebuerg an enger Rei vun internationalen Organisatioune vertrueden, ë. a. als Vizegouverneur fir Lëtzebuerg beim Fonds monétaire international.

Um Europäesche Conseil vum 22. November 2012 gouf hien zum Member vum Directoire vun der EZB ernannt. Hien huet säin Amt de 15. Dezember 2012 ugetrueden.[2] Dës Ernennung war mat vill Krämpes verbonnen, well d'Europäescht Parlament, dat zu der Kandidatur gehéiert gouf, majoritär der Meenung war, et wier besser, eng Fra kréich dee Posten. D'Staats- a Regierungscheffen hu sech dann awer fir de Mersch entscheet.[3]

Publikatiounen a Konferenzen vum Yves Mersch[änneren | Quelltext änneren]

  • The reform of the Governing Council of the ECB, Panel statement by Mr Yves Mersch, President of the Central Bank of Luxembourg and Member of the Governing Council of the ECB, at the Central Bankers' Panel, European Banking & Financial Forum, Prague, 25 März 2003
  • Monetary Policy and Time Inconsistency in an Uncertain Environment, 2006
  • Monetary Policy in the Eurozone, 2006
  • Introduction by Yves Mersch to the speech by Václav Klaus, President of the Czech Republic, 2006
  • Recent financial market developments
  • The eurozone, the US, and global markets
  • AMCHAM/ Principles versus rules
  • Im Fokus der Europäischen Zentralbank - Die Monetäre Analyse im Euroraum: Aktuelle Herausforderungen und Ausblick

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nouvelle fonction pour Yves Mersch à la BCE." paperjam.lu, 10.04.2019.
  2. "Yves Mersch nommé membre du directoire de la BCE". gouvernement.lu, 22-11-2012.
  3. "Mersch rückt ins EZB-Direktorium auf." wallstreetjournal.de, 23. November 2012, 03:51 Uhr.