Corinne Bauer
Ausgesinn
| Corinne Bauer | |
|---|---|
| Gebuer | 24. Abrëll 1949 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schrëftstellerin, Bauerin |
|
| |
D'Corinne Bauer, gebuer de 24. Abrëll 1949[1] zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Kaffisfarmerin.
Si ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Am Alter vun 20 Joer ass si an Däitschland gaang a gouf als Journalistin ausgebilt. Bis 1982 schafft si fir den Südwestfunk zu Baden-Baden als Editeur, Auteur, a Regisseur. Si huet duerno 23 Joer fir verschidde Firmen Trainingsfilmer gedréit a produzéiert. 2005 ass si mat hirem Mann an Australien emigréiert, wou se zënterhier zu Koonorigan eng Kaffisfarm bedreift[2].
Hiren Detektivroman Leo und die schöne Leiche gouf 2004 ënner dem Titel Leo und die schöne Lucie beim Concours littéraire national ausgezeechent.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Leo und die schöne Leiche. Luxemburg-Krimi. Editions Guy Binsfeld, Luxembourg, 2020, ISBN 978-2-87954-218-8
