Lech Kaczyński

Vu Wikipedia
Lech Kaczyński
Gebuer 18. Juni 1949
Warschau
Gestuerwen 10. Abrëll 2010
Smolensk
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Affekot, Gewerkschaftler, Filmschauspiller, Jurist, Lecteur
Partei Recht a Gerechtegkeet
Famill
Papp Rajmund Kaczyński
Geschwëster Jarosław Kaczyński
Kand Marta Kaczyńska

De Lech Aleksander Kaczyński [ ˈlɛx alɛˈksandɛr kaˈtʂɨɲskʲi ], gebuer den 18. Juni 1949 zu Żoliborz (Warschau) a gestuerwen den 10. Abrëll 2010 zu Smolensk, war e polnesche Politiker vun der Partei Prawo i Sprawiedliwość ("Gesetz a Justiz", PiS), a vun 2005 bis zu sengem Doud President vun der Republik Polen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Kand hat de Lech Kaczyński mat sengem Zwillingsbrudder Jarosław 1962 grousse Succès am Film O dwóch takich, co ukradli księżyc ("Déi Zwéin, déi de Mound geklaut hunn"). Hien huet op der Universitéit Warschau Droit a Verwaltung studéiert an op der Uni vu Gdańsk 1980 en Doktorat gemaach. 1990 ass en an Aarbechtsrecht habilitéiert ginn. Duerno war e Professer op der Universitéit Gdańsk an an der Kardinol Stefan Wyszyński Universitéit zu Warschau.

Zanter den 1970er Jore war hien an der pro-demokratescher, anti-kommunistescher Beweegung a Polen, dem Verdeedegungscomité vun den Aarbechter, an der onofhängeger Gewerkschaftsbeweegung aktiv. 1980 gouf e Conseiller vum Inter-Entreprisë Streikcomité vun der Gdańsker Schëffswerft an der Gewerkschaft Solidarność, woufir en 1981 als "anti-sozialescht Element" an de Prisong gestach gouf.

Wéi Solidarność Enn vun den 1980er Jore legaliséiert gouf, ass de Lech Kaczyński Beroder vum Lech Wałęsa ginn an huet vum Februar bis den Abrëll 1989 un de Verhandlunge vum Ronnen Dësch deelgeholl.

Am Juni 1989 gouf hien an de polnesche Senat gewielt a gouf Vizepresident vun der NSZZ Solidarność. 1991 gouf en an d'Parlament gewielt. Wéi de Lech Wałęsa am Dezember 1990 President gouf blouf de Kaczyński säi perséinleche Conseiller a gouf Minister fir Sécherheet (bis 1992).

De Lech Kaczyński gouf President vun der Ieweschter Kontrollchamber vu Polen (Najwyższa Izba Kontroli, NIK) (bis Mee 1995) a méi spéit Justizminister a Procureur général an der Regierung vum Jerzy Buzek(Juni 2000 bis Juli 2001).

2001 huet hie mat sengem Brudder Jarosław déi konservativ Partei Prawo i Sprawiedliwość – PiS - gegrënnt. De Lech Kaczyński war vun 2001 bis 2003 President vun der Partei, zanterhier ass et säin Zwillingsbrudder.

Vun 2002 bis den 22. Dezember 2005 war hie Buergermeeschter vu Warschau, ier en den Dag drop zum President vun der Republik Polen ernannt gouf. Den 10. Abrëll 2010 ass hien, zesumme mat senger Fra, der Maria Kaczyńska, an enger 90 anere Passagéier, bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm, wéi d'Tupolev Tu-154 vun der polnescher Arméi, déi hätt sollen eng Delegatioun vun héije Vertrieder vu Staat an Arméi op eng Commemoratiounsfeier fir d'Massaker vu Katyn bréngen, beim Ufluch op de Fluchhafe vu Smolensk erofgefall ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lech Kaczyński – Biller, Videoen oder Audiodateien