Dissident

Vu Wikipedia

De Begrëff Dissident (vu lat. dissidire - "net iwwereneestëmmen", "getrennt sinn") bezeechent en eng Persoun, déi eng Autoritéit där e virdru gefollegt huet net méi unerkennt, andeems se sech z. B. ideologesch géint de politesche System vu sengem Land stäipt.

Hautdesdaags ginn dacks oppositionell Kënschtler an Intellektueller an totalitäre Regimer als Dissidente bezeechent. Andeems se de System vun hirem Land kritiséieren, gesi se sech dacks Repressioune vum Staat ausgesat (z. B. permanent Iwwerwaachung, Hausarrest, Aweisung an eng psychiatresch Klinick, Prisong, etc.). Vill Dissidenten hunn deemno keng aner Wiel wéi sech an d'Ausland z'exiléieren, oder se gi souguer vun hirem Staat zwangsweis ausgewisen.

D'kathoulesch Kierch huet als Dissidenten all déi Kierche betruecht déi aus engem Chisma oder aus der Ketzerei ervirgaange sinn.

Et kënnen awer och Persoune sinn déi sech vun enger philosophescher Iddi ofgrenzen, oder net méi mat der politescher Opfaassung vun hirer politescher Partei d'acoord sinn, ouni awer am grousse Ganze géint d'Staatspolitik ze sinn. Am Sport gouf et och Fäll vun Dissidente wéi z. B den Inter Mailand dee vun Dissidente vum AC Mailand gegrënnt gouf.