Theodor Heuss

Vu Wikipedia
Theodor Heuss
Gebuer 31. Januar 1884
Brackenheim
Gestuerwen 12. Dezember 1963
Stuttgart
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Journalist, Schrëftsteller
Partei Freie Demokratische Partei
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Deutscher Werkbund

Den Theodor Heuss, gebuer zu Brackenheim (Württemberg) den 31. Januar 1884 a gestuerwen den 12. Dezember 1963 zu Stuttgart, war en däitsche Journalist a Politiker. Hie war deen éischte President vun der Bundesrepublik Däitschland (1949-1959).

Den Heuss huet zu München an zu Berlin Droit a Konschtgeschicht studéiert. 1908 huet hie sech mat der Elly Knapp bestuet; si haten zesummen ee Jong. No sengem Studium huet hien eng Zäit laang als Journalist geschafft. 1918 ass den Heuss Member gi vun der liberaler Deutsche Demokratische Partei a war Member am Reichstag vun 1924 bis 1928 a vun 1930 bis 1933.

1933 huet den Heuss, mat der DDP-Fraktioun, fir d'Ermächtegungsgesetz gestëmmt, dat dem Adolf Hitler bal diktatoresch Vollmuechte gouf. Hien huet säin Deputéiertemandat verluer, an an de Jore vum "Drëtte Räich" virun allem vum d'Schreiwe vun historeschen Artikelen a Biographien (deelweis ënner Pseudonym, well e vun 1942 net huet däerfe publizéiert ginn) gelieft.

Nom Zweete Weltkrich war den Heuss deen éischte Minister fir Kultur a Baden-Württemberg. Am Dezember 1948 gouf hien den éischte President vun der Freie Demokratische Partei (FDP). Hie war deemools och Member vum Parlementaresche Rot deen d'Verfassung vun der Bundesrepublik entworf huet.

Den Heuss gouf am Mee 1949 an deen éischte Bundestag gewielt, gouf awer schonn am September vun deem Joer zum Bundespresident gewielt. 1954 gouf hien erëmgewielt.

Den Heuss war gutt mam Bundeskanzler Konrad Adenauer befrënnt, an déi zwéin hunn der Politik vum Nokrichsdäitschland, no banne wéi no baussen hire Stempel opgedréckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Theodor Heuss – Biller, Videoen oder Audiodateien