Manfred Deix

Vu Wikipedia
Manfred Deix
Gebuer 22. Februar 1949
Gestuerwen 25. Juni 2016
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Schrëftsteller, Cartoonist

De Manfred Deix, gebuer den 22. Februar 1949 zu Sankt Pölten an Nidderéisträich, a gestuerwen de 25. Juni 2016, war en éisträichesche Karikaturist a Graphiker.

Hie war virun allem bekannt fir seng "Deixfiguren", iwwerrealistesch gemoolte Leit, déi an enger Zort negativem Fotoshop all hir "net-sou-schéin" Charakteristiken ervirgehuewe kritt hunn. Hien huet mat senge Karikature gär déi politesch a gesellschaftlech Aktualitéit kommentéiert, wat méi bësseg, wat besser. Lieblingstheme ware seng stackkonservativ Landsleit aus entleeënen Däller, politesch a reliéis "Décker", deenen hir Schwächten e mat vill Léift zum Detail bloussgestallt huet. Meeschtens huet hien am Aquarell gemoolt.

Hien huet an den 1970er Jore fir de profil, den trend, de stern an de Spiegel gemoolt, zënter den 1980er reegelméisseg fir d'éistrichesch Wochenzeitung News, an heiansdo fir de Playboy, oder d' Titanic.

Niewelaanscht war hien och Museker a Krimiauteur.

Wéinst ze vill Gefëms hat hien an de leschte Jore viru sengem Doud dacks Problemer mat der Long.

Wierker/Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Cartoons von Manfred Deix, Trend Verlag
  • 1983: Cartoons de Luxe, Orac Verlag
  • 1985: Satiren aus Wien, Zweitausendeins Verlag
  • 1985: Mein böser Blick
  • 1986: Mein Tagebuch, Jugend & Volk-Verlag
  • 1989: Augenschmaus, Diogenes-Verlag
  • 1991: Der Männer-Report mit einem Vorwort von Thomas Gottschalk, Diogenes-Verlag
  • 1993: Küss' die Hand
  • 1993: Geisterfahrer, Diogenes-Verlag
  • 1995: Deix am Sonntag, Diogenes-Verlag
  • 1998: Das neue Deixbuch, Libro, Wien
  • 1999: 14 Biller op enger 1600 m² grousser Façade um Grazer Stadhaus
  • 2000: Ausstellung »Good Vibrations«, Kunsthaus Wien
  • 2002: Illustrierte Gedichte, Zweitausendeins, ISBN 3-86150-456-1
  • 2003: Die Welt des Manfred Deix ISBN 3-902407-01-8
  • 2004: Der dicke Deix ISBN 3-8000-7059-6 Ueberreuter Verlag
  • 2005: Deix in the City ISBN 3-902407-03-4
  • 2006: Deix in the City CD-ROM, interactive:visit / a:xperience ISBN 3-902491-10-8
  • 2006: Der Dichter Deix - Gedichte, Bilder und Privates ISBN 3-8000-7283-1 Ueberreuter Verlag
  • 2007: Arnold Schwarzenegger. Die nackte Wahrheit, ISBN 978-3-8000-7060-2 Ueberreuter Verlag (ET Juli)
  • 2009: Der goldene Deix: Arbeiten von 2000 bis 2008
  • 2009: Das ist Deix, ISBN 978-3-902407-05-4, Kultur Niederösterreich, Karikaturmuseum Krems
  • 2012: Für immer Deix, ISBN 978-3800075614, Ueberreuter Verlag
  • 2013: Der heilige Deix, ISBN 978-3-7110-0043-9, Ecowin Verlag
  • 2014: Neue Zeichnungen, ISBN 978-3800076048, Ueberreuter Verlag
  • 2015: Tierwelt. Katzen & Co., ISBN 978-3-8000-7637-6, Ueberreuter Verlag

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Manfred Deix – Biller, Videoen oder Audiodateien