Fëmmen

Vu Wikipedia
De Franz Seimetz, e bewosste Fëmmert (Autoportrait 1904).

Fëmmen ass de Konsum, duerch Inhaléiere vum Damp vu gedréchente Planzendeeler, speziell vum Tubak oder vum Haschisch, déi an enger Päif, Waasserpäif, Zigarett oder Zigar verbrannt ginn.

Den Damp deen doduerch produzéiert gëtt ass gesondheetsschiedlech, souwuel fir de Konsument wéi och fir d'Leit ronderëm. De Lëtzebuerger Gesondheetsministère schätzt, datt zu Lëtzebuerg all Woch 11 Fëmmerten un de Follge vum Tabagissem stierwen, an all Joer 500-600 Leit. Am Verglach dozou: 36 Affer[Wéini ?] vun déidleche Verkéiersaccidenter.

No der international gëlteger Klassifikatioun vu Krankheeten, ICD-10, ass d'Nikotinofhängegkeet eng Krankheet, an zwar an der Kategorie F17.2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fëmmen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Entwécklung vum Zigarettekonsum a vum Longekriibs iwwer d'Zäit.