Op den Inhalt sprangen

Zigarett

Vu Wikipedia
Schema vun enger Filter-Zigarett: 1) Filter (95 % Zellulos-Azetat); 2) Pabeier vum Mondstéck ronderëm dem Filter; 3) Pabeier ("Blietchen") ronderëm dem Tubak; 4) Mëschung aus ë. a. geschnëppeltem Tubak.

Eng Zigarett (vum Franséische cigarette fir kleng Zigar) ass en Tubaksprodukt. Ursprénglech huet et sech ëm eng Verwäertung vun Offallprodukter vun der Zigareproduktioun gehandelt. Modern Zigarette sinn awer en héichentwéckelt Industrieprodukt, mat en ettlech Zousazstoffer am Tubak, engem spezielle Pabeier an dacks mat engem Filter.

De Konsum heescht fëmmen, an ass an deene meeschten entwéckelte Länner duerch Fëmmverbueter reglementéiert.

Zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg fëmmen 123.000 Leit iwwer 16 Joer (23 % vun der Bevëlkerung), 15 % all Dag an 8% geleeëntlech.[1].

De Verkaf vun Zigaretten ass am Land an den 2020er Jore staark geklommen: Vun 3,21 Milliarden am Joer 2020 iwwer 3,53 Milliarden 2021 a 4.044 Milliarden 2022 op 4,34 Milliarden 2023 an op 5,08 Milliarden 2024. [2] Dovu ginn der nëmmen eppes iwwer 600 Milliounen (2024) am Land selwer konsuméiert. 9 vun 10 Zigaretten déi am Land verkaaft ginn, ginn deemno déisäit der Grenz gefëmmt.

Déi ronn 5 Milliarden Zigaretten, déi 2024 verkaaft goufen, hunn dem Staatsbudget 1,4 Milliarden Euro abruecht. 2025 sollen et der 1,6 Milliarde sinn, an 2028 1,9 Milliarden. Kriticker no géift dës fiskal Konkurrenz op Zigaretten anere Länner net just e Steierausfall bréngen, ma hätt och negativ Auswierkungen op hir Gesondheetspolitik, déi dorop ziilt, duerch héich Präisser den Tubackkonsum ze reduzéieren, an domat och d'negativ gesondheetlech Auswierkunge vum Fëmmen.[3]

D'Firma Landewyck Tobacco ass deen eenzegen Zigaretteproduzent am Land. An hirer Fabréck um Fridhaff ginn do all Joers tëscht 7 an 9 Milliarden Zigarette produzéiert. Dës hunn zu Lëtzebuerg e Maartundeel vu ronn 10 %. De Gros gëtt an iwwer 20 Länner an Europa an doriwwer eraus exportéiert, fir do verkaaft ze ginn.[4]

 Commons: Zigaretten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. No enger ILRES Enquête vun 2024 'iwwer la prévalence tabagique au Luxembourg., zit. n. Pascal Mittelberger: " Les milliards de cigarettes du Luxembourg, un marché qui ne connaît pas la crise." virgule.lu, 10.07.2025
  2. Pascal Mittelberger: "Les ventes de cigarettes ont explosé au Luxembourg en 2024." virgule.lu, 19.06.2025. Deen Artikel bezitt sech op eng Etude vu KPMG: Illicit cigarette consumtion in Europe. (11.6.2025). Der Lëtzebuerger Douane no wieren et 4,9 Mrd am Joer 2024, 4,4 Mrd 2023 an 3,3 Mrd am Joer 2020 gewiescht.
  3. Pierre Pailler: "Le Luxembourg au cœur du 'marché parallèle' du tabac". virgule.lu, 10.03.2025.
  4. Mittelberger 10.07.2025 (cf. uewendriwwer).