Roger Blandford

Vu Wikipedia
Roger Blandford
Gebuer 28. August 1949
Grantham
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Magdalene College,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun

De Roger Blandford, gebuer den 28. August 1949 zu Grantham an England ass e britteschen Astronom an Astrophysiker.

De Blandford hat 1974 op der University of Cambridge promovéiert a war vun 1976 bis 2003 Professer am California Institute of Technology. Zanter 2003 ass hie Professer am Stanford Linear Accelerator Center an op der Stanford Universéit an Direkter vum Kavli Institute of Particle Astrophysics and Cosmology. Schwéierpunkte vu senger Aarbecht si Kosmologie, Astrophysik, Schwaarz Lächer a Gravitatiounslënsen.

Zesumme mam Roman Znajek huet hien de Blandford-Znajek-Prozess entdeckt fir Energie aus engem schwaarze Lach ze kréien.

Auszeechnunge[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]