Klaus Mann

Vu Wikipedia
Klaus Mann
Gebuer 18. November 1906
München
Gestuerwen 21. Mee 1949
Cannes
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, USA
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Dréibuchauteur, Literaturkritiker, Journalist, Romancier, Dichter, Autobiograph
Famill
Papp Thomas Mann
Mamm Katia Mann
Geschwëster Monika Mann, Elisabeth Mann Borgese, Erika Mann, Golo Mann, Michael Mann

De Klaus Mann, gebuer den 18. November 1906 zu München a gestuerwen den 21. Mee 1949 zu Cannes, war en däitsch-US-amerikanesche Schrëftsteller.

Hie war de Jong vum Thomas Mann. 1925 huet hie seng éischt Kuerzgeschichte publizéiert an Theaterkritike geschriwwen. Hien hat eng konflikträich Relatioun zu sengem Papp an hat mat de Virurteeler géint seng Homosexualitéit ze kämpfen. E puer Joer laang ass hie mat senger grousser Schwëster Erika Mann uechter d'Welt gereest. 1932 huet hien den éischten Deel vu senger Autobiographie geschriwwen. Wéi d'Nazien 1933 un d'Muecht komm sinn, an ëm wéinst senger Mataarbecht am Cabaret Pfeffermühle nogestallt hunn, ass hien op Paräis, duerno op Amsterdam an an d'Schwäiz geflücht. Am November 1934 krut hien déi däitsch Nationalitéit ewechgeholl, an hien huet en tschechoslowakesche Pass ugeholl. 1936 ass hien an d'Vereenegt Staaten emigréiert, wou en zu Princeton an zu New York gelieft huet. 1937 huet en do säi Partner Thomas Quinn Curtiss kennegeléiert. 1943 huet en d'amerikanesch Nationalitéit ugeholl.

Wärend dem Zweete Weltkrich war hie Staff sergeant vun der 5. US-Arméi an Italien, an am Summer 1945 huet hie fir d'Arméizeitung Stars and Stripes Reportagen aus Däitschland geschriwwen.

Dem Klaus Mann säi bekanntste Roman, Mephisto, gouf 1936 zu Amsterdam fir d'éischt publizéiert. Well den Haaptpersonnage liicht als e Portrait vu sengem fréiere Schwoer, dem Schauspiller Gustaf Gründgens, erëmz'erkennen ass, huet dem Gründgens säi Jong nom Krich e Prozess gefouert, fir datt d'Publikatioun vum Roman sollt verbuede ginn a schliisslech gewonnen. Eréischt 1981 ass en a Westdäitschland nees erauskomm (an der DDR konnt een en déi ganzen Zäit kréien).

Säi Roman Der Vulkan ass ee vun de bedeitendsten Exemplaire vun der däischer Exilliteratur wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich.

De Klaus Mann ass 1949 zu Cannes un enger Iwwerdosis Schloftablette gestuerwen a gouf do um Cimetière du Grand Jas begruewen.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Der fromme Tanz, 1925
  • Anja und Esther, 1925
  • Revue zu Vieren, 1927
  • Kind dieser Zeit, 1932
  • Treffpunkt im Unendlichen, 1932
  • Journey into Freedom, 1934
  • Symphonie Pathétique, 1935
  • Mephisto, 1936
  • Der Vulkan, 1939
  • The Turning Point, 1942
  • André Gide and the Crisis of Modern Thought, 1943

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • German Writers in French Exile, 1933–1940, by Martin Mauthner (London: 2007), ISBN 9780853035404
  • Friedrich Albrecht: Klaus Mann der Mittler: Studien aus vier Jahrzehnten. Lang, Bern 2009, ISBN 978-3-03911-744-4.
  • Renate Berger: Tanz auf dem Vulkan. Gustaf Gründgens und Klaus Mann. Lambert Schneider, Darmstadt 2016, ISBN 978-3-650-40128-1.
  • Eva Chrambach, Ursula Hummel: Erika und Klaus Mann. Bilder und Dokumente. Edition Spangenberg, München 1990, ISBN 3-89409-049-9.
  • Michel Grunewald: Klaus Mann 1906–1949. 2 Bde. Peter Lang, Bern (Contacts III, 1.1/1.2) 1984, ISBN 3-261-04006-8
  • Michel Grunewald: Klaus Mann 1906–1949: eine Bibliographie. Edition Apangenberg im Ellermann Verlag, München 1984, ISBN 3-7707-0207-7
  • Hiltrud Häntzschel: Mann, Klaus. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 16, Duncker & Humblot, Berlin 1990, ISBN 3-428-00197-4, S. 51–54.
  • Nadine Heckner, Michael Walter: Klaus Mann. Mephisto. Roman einer Karriere. (= Reihe Königs Erläuterungen. Band 437). Hollfeld 2005, ISBN 3-8044-1823-6.
  • Samuel Clowes Huneke: The Reception of Homosexuality in Klaus Mann’s Weimar Era Work. in Monatshefte für deutschsprachige Literatur und Kultur. Vol. 105, No. 1, Spring 2013. 86–100. doi:10.1353/mon.2013.0027
  • Fredric Kroll (Hrsg.): Klaus-Mann-Schriftenreihe. 6 Bände. Blahak, Wiesbaden 1976–1996:
    • Band 1: Klaus Blahak (Vorrede); Fredric Kroll (Vorrede); Bibliographie. 1976.
    • Band 2: 1906–1927, Unordnung und früher Ruhm. 2006.
    • Band 3: 1927–1933, Vor der Sintflut. 1979.
    • Band 4,1: 1933–1937, Sammlung der Kräfte. 1992
    • Band 4,2: 1933–1937, Repräsentant des Exils. 1935–1937, Im Zeichen der Volksfront. 2006.
    • Band 5: 1937–1942, Trauma Amerika. 1985.
    • Band 6: 1943–1949, Der Tod in Cannes. 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klaus Mann – Biller, Videoen oder Audiodateien