Nico Hienckes
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Nico Hienckes | |
---|---|
Gebuer | 6. Dezember 1949 |
Gestuerwen | 8. Oktober 2017 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler |
Den Nico Hienckes, gebuer de 6. Dezember 1949 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Oktober 2017[1],[2],[3], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
No 38 Joer als Schoulmeeschter huet hien 2010 a senger Pensioun sech ganz der Konscht higinn. Zanter 1972 huet hie seng Rascht-Techniken ëmmer weider perfektionéiert. Duerch seng pedagogesch Fäegkeete konnt hien a ville Konschtcoursen a Konschtateliere seng Moltechniken u Schüler weiderginn. Hien huet och Konschtbicher mat DVDe verëffentlecht.
Hien hat säin Atelier an der aler Distillerie um Wuermer Bierg, déi hien "op der Wollek" genannt huet. Säi fréieren Atelier ass am Februar 2021 verbrannt[4].
De Nico Hienckes war vun 2001 bis zu séngem Doud, 2017, Member am ARC, dem aktuellen ARC Kënschtlerkrees, an huet do ganz regelmässeg mat ausgestallt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Loscht op Maacher, monumental Skulptur am Cortenstol, Kreessverkéier Kummert zu Gréiwemaacher
- Die Farbe Blau in der Kunst - Bedeutung-Inspiration-Malerei, 2017, ISBN 978-3-86230-372-4[5]
- Faszination Rost - Künstlerische Effekte mit Patina, 2014, ISBN 978-3-86230-261-1[6]
- Rosteffekte und Patina in der künstlerischen Praxis, Ars Momentum, 2010, ISBN 3938193557, ISBN 9783938193556
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Nico Hienckes (fr)
- Rosteffekte und Patina, Video op vimeo
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Künstler Nico Hienckes verstorben. Der "Meister des Rosts" ist tot, wort.lu gelies den 10. 10. 2017
- ↑ Daniel Conrad, Abschied vom „Meister des Rostes“ Der Maler und Patina-Spezialist Nico Hienckes ist im Alter von 67 Jahren verstorben, Luxemburger Wort, 11.10.2017, S. 16
- ↑ Doudesannonce am LW vum 14./15. 10. 2017, S. 96.
- ↑ Oberwormeldingen: Atelier von Nico Hienckes ausgebrannt. Wort.lu (2021-02-10). Gekuckt de(n) 2021-02-10.
- ↑ OZ-Verlag, 2017
- ↑ OZ-Verlag, 2014