Op den Inhalt sprangen

ARC Kënschtlerkrees

Vu Wikipedia
ARC Kënschtlerkrees
Rechtsform Association sans but lucratif
Ofkierzung ARC
Zweck Artiste vun der plastescher Konscht Ausstellungsméiglechkeete bidden
Grënnungsdatum 1959
Sëtz Biergem
  6, Um Furtwee
President Serge Koch
RCS F4353
Websäit https://www.arcasbl.com/

Den ARC Kënschtlerkrees ass eng lëtzebuergesch Kënschtlervereenegung, déi hir Originnen am Joer 1959 huet a sech dunn 1993 als ASBL konstituéiert huet.

An den éischte Joren hu Leit wéi de Jacques Zenner an de Lé Tanson reegelméisseg Ausstellungen zu Munneref organiséiert.

De Veräin, dee fréier "Art Contemporain" oder "Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg" geheescht huet, gouf am Joer 2000 op "ARC" ëmgedeeft. Ufanks 2017 krut dee Kierzel dunn nach d'Zousazbezeechnung Kënschtlerkrees, déi dunn och um neie Logo zeréckbehale gouf.

Den ARC ass eng vun den eelsten a bedeitendste Kënschtlerassociatioune vu Lëtzebuerg an hat am Oktober 2023, 74 Artisten an hire Reien.

Praktesch all Technike vun der plastescher Konscht gi beim ARC ofgedeckt. Den ARC organiséiert eng 3-5 Ausstellunge pro Joer an de President ass zanter Januar 2017 de Serge Koch.

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]