Serge Koch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Serge Koch
Gebuer 20. Oktober 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Dichter, Graveur, Fotograf
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Serge Koch, gebuer den 20. Oktober 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf, Moler, Poet a Graveur fir klassesch Gravurtechniken an digital Dréck.

Hie stellt zanter 1988 zu Lëtzebuerg an och am Ausland aus an huet u ronn 350 Ausstellungen deelgeholl.

Hien ass zanter 2002 aktive Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) an ass do zanter 2011 am Conseil d'Administration. 2017 gouf en do Vizepresident,

Zanter 1999 ass hien aktive Member vum Gravureatelier Empreinte an ass do zanter 2014 Member vum Comité.

Tëscht 1991 an 2006 war hie Member vum Lëtzebuerger Artisten Center (LAC).

Hie war och, tëscht 1997 an 2004, Member an zäitweis Sekretär/Koordinator vun der Grupp Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg (ARC). 2016 gouf hie vun der Associatioun nees invitéiert bei Ausstellunge matzemaachen an am Januar 2017 gouf hien do op enger aussergewéinlecher Generalversammlung als President ernannt.

Hie verëffentlecht zanter 2007 reegelméisseg Fotoen an och alt emol Artikelen am Bulletin vun der Erwuessebildung.[1]

Seng Gedichter huet hien an de leschte Jore reegelméisseg an der Warte verëffentlecht. 2018 huet hien do de Gedichtband Über kurz oder lang - Gedichte und Verdichtetes verëffentlecht.

2018 huet hien als Co-Auteur um Buch "125 Joer CAL" matgeschafft (Auteur Carole Jung, Co-Auteure Paul Bertemes a Serge Koch).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. ErwuesseBildung