Kurmanbek Bakijew
Kurmanbek Bakijew | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 1. August 1949 |
Nationalitéit | Kirgisistan |
Educatioun | Staatlech Technesch Universitéit Samara |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Onofhängeg |
Fonctioun | Premierminister vum Kirgisistan, President vum Kirgisistan |
Famill | |
Kanner | Maxim Bakiyev |
![]() |
De Kurmanbek Salijewitsch Bakijew ((ky) Курманбек Салиевич Бакиев), gebuer den 1. August 1949 zu Massadan bei Susak am haitege Kirgisistan (deemools Kirgisesch Sozialistisch Sowjetrepublik, Kirgisesch SSR), war vun 2005 bis 2010 Staatspresident vum Kirgisistan.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]1972 huet de Bakijew e Studium an der Elektrotechnik ofgeschloss an am russesche Samara geschafft. No sengem Militärdéngscht, 1974 bis 1976, goung hien hannescht an de Kirgisistan, wou en an enger Steckerfabrik zu Dschalal-Abad geschafft huet, vun där en 1990 Direkter gouf.
Zanter 1990 hat hie verschidde politesch Ämter an der sowjettescher Kommunistescher Partei. 1995 gouf e vum President Askar Akajew zum Gouverneur vum Oblus Dschalal-Abad ernannt. 1997 gouf e Gouverneur vum Oblus Tschüi.
Den 21. Dezember 2000 gouf e Premierminister vum Kirgisistan, ass awer no 17 Méint zeréckgetrueden, wéi an der südkirgisescher Stad Aksy sechs Demonstrante vun der Police erschoss gi waren.
Duerno gouf en de President vun enger vun de sëllegen oppositionelle Beweegungen am Kirgisistan. No der Tulperevolutioun gouf en de 24. Mäerz 2005 Chef vun enger Iwwergangsregierung an den Dag drop als Iwwergankspresident ernannt.[1] Den 10. Juli 2005 gouf de Bakijew mat 88,9 % vun de Stëmmen (bei 74,6 % Walbedeelegung) als President vum Kirgisistan gewielt an de 14. August 2005 vereedegt.
Am Oktober 2007 huet de Bakijew e Referendum iwwer eng Ännerung vun der Verfassung organiséiere gelooss, fir datt de Staatspresident méi Pouvoire sollt hunn. Wéi dat ugeholl gi war, huet hien d'Parlament opgeléist an d'Regierung entlooss. Am Dezember 2007 gouf et Neiwalen, déi vun der Partei „Ak Dschol“ (déi hien ënnerstëtzt) gewonne goufen.
Bei den Onrouen am Abrëll 2010 huet d'Oppositioun ugekënnegt, de Bakijew wier de 7. Abrëll 2010 gestierzt ginn an hätt sech an d'Ausland ofgesat; si hätten elo d'Muecht am Staat.[2] Hien huet de 16. Abrëll offiziell säi Récktrëtt erkläert.
Exil
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum kirgisesche Staatspresident (op Kirgisesch, Englesch a Russesch)
![]() |
Commons: Kurmanbek Bakijew – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Putin will mit den neuen Machthabern in Kirgistan zusammenarbeiten FAZ Online vom 25. März 2005.
- ↑ Archive copy Archivéiert de 17.04.2010. Gekuckt den 09.04.2010.