Robert Alesch

Vu Wikipedia
Robert Alesch
Gebuer Mäerz 1906
Uespelt
Gestuerwen 1949
Arcueil
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Robert Alesch, de 6. Mäerz 1906 zu Uespelt gebuer, an higeriicht de 25. Januar 1949 am Fort de Montrouge a Frankräich war e franséische kathoulesche Paschtouer.

De Paschtouer Robert Alesch huet am Zweete Weltkrich a Frankräich munnech Resistenzler bei der Nazidäitscher Militärspionage ugeschass, an dofir Suen agestach. Eng Rei Resistenzler, déi bei den Alesch beichte waren, kruten et op déi Manéier mat der Gestapo ze dinn.

Ënner deene waren d'Germaine Tillion, déi an d'Lager Ravensbrück verschleeft gouf. D'Resistenzgrupp Gloria SMH, an där de Samuel Beckett a seng Frënn Alfred Péron an de Fotograf Lazaro waren, gouf vum Paschtouer Alesch infiltréiert an un d'Nazi-Okkupante verroden, grad sou wéi wéi déi amerikanesch Spiounin Virginia Hall, déi sech awer wéi de Becket nach just mat Zäiten aus dem Stëbs maache konnt.

Nom Krich huet den Alesch sech op Bréissel verzunn. E gouf u Frankräich ausgeliwwert, zum Doud verurteelt, an de 25. Januar 1949 am Fort de Montrouge erschoss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]