Jean Stephany

Vu Wikipedia
Jean Stephany
Gebuer 27. Mäerz 1917
Huldang
Gestuerwen 21. Mäerz 1945
Houfelt
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Jean Stephany gebuer de 27. Mäerz 1917 zu Huldang a gestuerwen zu Houfelt den 21. Mäerz 1945 war e lëtzebuergesche Gendaarm deen ënner dem Kommando vum Jacques de Villenfagne de Sorinnes aktiv an der Belscher Resistenzgrupp B2 war.

Hie war ë. a. um Iwwerfall bei Houyet op en däitsche Convoi matbedeelegt, bei deem en SS-Generol an eng ronn 50 Gestapoleit a Wehrmachtzaldoten hiert Liewe gelooss hunn.

Als Erënnerung un déi Resistenzgrupp gouf d'Kapell Notre-Dame du Maquis tëscht Houyet an Hérock opgericht. Op zwou Placken an der Kapell sinn d'Nimm vun den dräizéng Membere vun der Grupp opgezielt, dovun zéng Belsch, een Australier an zwéi Lëtzebuerger, de Jean an de Willy Wenkin vu Weller.

De Jean Stephany gouf nom Krich mat dem Resistenz-Kräiz ausgezeechent.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial N°27 vum 7. Mee 1960