Op den Inhalt sprangen

Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Familljeministère)
Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil
Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil
Land Lëtzebuerg
Minister Max Hahn
Verwaltungssëtz Hamm
Gegrënnt 17. November 2023
Um Spaweck http://mfsva.gouvernement.lu/fr.html

Deen dacks als Familljeministère genannte Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil (fr: Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil, gekierzt MFSVA) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.

En ersetzt de fréiere Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun.

D'Zoustännegkeet vum Ministère huet absënns d'Famill an d'Familljepolitik, d'Politik vun den ale Leit, de Leit mat engem Handicap, d'Bekämpfung vun der Aarmut grad wéi d'Beräicher Solidaritéit, Sozialhëllef a Zesummeliewe begraff.

Kompetenz vum Familljeministère

[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Familljeministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren haaptsächlech déi follgend Kompetenzberäicher:

  • Familljepolitik a Benevolat: Ausbildung, Mediatioun, Berodung an Ënnerstëtzung vun de Familljen; Kannergeld; Zukunftskeess; Benevolat; Fong fir d'Finanzéierung vun der sozio-familiärern Infrastrukturen; Commission d'harmonisation et la Commission paritaire
  • Allgemeng Politik fir:
    • eeler Leit
    • Leit mat Behënnerungen
    • d'Bekämpfung vun der Aarmut an der domat verbonnener Ausgrenzung am Beräich vum Logement
    • d'interkulturellt Zesummeliewen
Commons: Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.