Sidney Gilchrist Thomas
Sidney Gilchrist Thomas | |
---|---|
Gebuer |
16. Abrëll 1850 London |
Gestuerwen |
1. Februar 1885 Paräis |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Erfinder, Metallurgist, Chimist |
De Sidney Gilchrist Thomas, gebuer de 16. Abrëll 1850 zu Canonbury (London), a gestuerwen den 1. Februar 1885 zu Paräis, war e brittesche Cheemiker an Erfinder. Hien huet zesumme mat sengem Koseng, dem Cheemiker Percy Gilchrist, 1876/77 e Procedé erfonnt, fir aus phosphorhalteger Minett Eisen a Stol ze gewannen, den no him benannten Thomas-Procedé. Och de Gebrauch als Düngemëttel vun de Schlaken, déi doduerch entstane sinn, d'Thomasmiel, huet hie sech patentéiere gelooss.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Sidney Thomas ass zu Canonbury (London) als Kand vun engem walisesche Beamten op d'Welt komm. Säi Papp ass fréi gstuerwen, a sou huet e säi Beruffswonsch, Dokter ze ginn, opginn, an ass mat 17 Joer Clerc op engem Polizeigeriicht ginn. Niewelaanscht huet hie Chimie studéiert a sech als Zil gesat, Phosphor mat Hëllef vun engem Bessemer-Converter aus dem Eisenäerz erauszekréien. 1875 huet e säi Cousin, de Percy Gilchrist, deen och Cheemiker war, gefrot, him beim Experiment vun der Iddi, déi en entwéckelt hat, ze hëllefen. E Schmelzhär, den Edward Martin, huet et hinnen erméiglecht, d'Experiment op enger méi grousser Echelle auszeféieren an och, hir Entdeckung patentéieren ze loossen. Am Ufank hunn d'Publikatiounen iwwer hire Procedé net vill Beuechtung fonnt, bis 1879 den E. W. Richards, de Manager vu Bolckow Vaughan & Co. am Yorkshire hire Procedé ofkaf huet, an domat de Grondstee vu sengem Succès geluecht huet.
Virun allem um europäesche Kontinent ass d'Patent vum Thomas-Procedé iweerholl ginn, well do d'Eisenäerz méi phosphorhalteg ass. Zu Lëtzebuerg ass et als éischt 1879 vun de Bridder Metz opkaf an an hirer Schmelz zu Eech ugewannt ginn. Och an Amerika bestoung e groussen Intressi u senger Erfindung.
Säin onermiddlecht Schaffen huet seng Gesondheet ugeschloen; eng laang Rees um Mier an en Openthalt an Egypten konnten en net nees an d'Rei setzen, an en ass 1885 zu Paräis am Alter vun nëmme 34 Joer gestuerwen. Hie läit zu Passy begruewen. Op sengem Graf steet: "He has fought the good fight".
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sidney Gilchrist Thomas – Biller, Videoen oder Audiodateien |