Lëscht vun den Zuchaccidenter zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun den Zuchaccidenter zu Lëtzebuerg.

Si ass net vollstänneg.

Zanter der Ausbreedung vun der Eisenbunn zu Lëtzebuerg gouf et ëmmer nees méi oder manner schwéier Accidenter.

Datum Beschreiwung
07. Mee 1870 12 Doudeger bei engem Zuchongléck an der Dummeldenger Gare, wéi e Gidderzuch op e Persounenzuch knuppt, deen do steet.
13. Mäerz 1872 An der Hollerecher Gare knuppen 2 Gidderzich openeen; et gëtt 2 Doudeger.[1]
21. Abrëll 1873 Op der Gare Giewelsmillen knuppt e Persounezuch, dee vu Spa kënnt, wéinst falscher Weichestellung op e Gidderzuch, deen do steet; et gëtt 2 schwéier an eng véier méi liicht Blesséierter.[2]
18. Januar 1898 12 Waggone léise sech vun engem Gidderzuch, dee vu Beetebuerg Richtung Diddenuewen fiert, a rullen hannerzeg. Bei Bierchem knuppt en anere Gidderzuch drop, sou datt all d'Waggone bis op e Véiwaggon de Rampeli eroffalen an zum Deel verbrennen. Et gëtt zwéi Blesséierter.[3]
22. September 1904 Um Leschte Steiwer rennt e besate Vizinalzuch dee vu Réimech kënnt, an eidel Waggone vum Charely, déi do an d'Remise sollte fueren; d'Waggone ginn op d'Kopp gehäit; et gëtt 4 schwéier an eng 15 liicht Blesséierter.[4]
19. Mee 1917 Eng Lokomotiv vum Benny entgleist op der Streck Dikrech-Veianen tëscht Baastenduerf an Tandel. De Maschinist kënnt ëm d'Liewen.[5]
08. Juni 1918 An der Gare vu Klengbetten rennt en Zuch vum Prënz, well seng Bremsen net funktionéiert hunn op e Prellbock. 15 Persoune gi liicht blesséiert an eng Stater Turnléierin huet de Fouss gebrach.[6]
28. Dezember 1920 E Persounenzuch, dee vu Péiteng koum, kollidéiert an der Gare vu Leideleng mat engem Gidderzuch, dee vun Hollerech koum. Déi zwou Lokomotive sinn ëmgefall, ee Maschinist ass dout, 5 Eisebunnsmataarbechter gi schwéier verwonnt, 5 anerer méi liicht. 4 Leit aus dem Persounenzuch hu Quëtschungen.[7]
10. November 1970 Tëscht Belval-Usines a Bieles knuppen zwéi Gidderzich openeen. Zwéi liicht- an ee schwéierverwonnte Mataarbechter vun der CFL.
23. Mee 1973 Bei Biwer knuppt e Persounenzuch op e Gidderzuch, dee mat stolen Dunne beluede war. Et gëtt 2 Doudeger a 5 schwéier Blesséierter.
25. November 1980 Beim Stellwierk "Zwickau" um Houwald explodéiert en Tankwon mat Bensinn. Grousse Materialschued, ma keng Affer.
06. Abrëll 1997 Bei engem Zuchongléck um Houwald knuppe wéinst enger falscher Weichestellung e Persouen- an e Gidderzuch openeen. Ee Maschinist stierft dobäi, 28 Passagéier gi blesséiert.
01. Dezember 1997 An der Hollerecher Gare knuppt e vollbesate Persounenzuch op een eidelen, deen do steet. 60 Leit gi blesséiert.
15. Juli 2006 Eng psychesch krank Persoun leet e Feier an engem Regionalzuch um Wee tëscht der Stad a Beetebuerg. 20 Leit gi blesséiert, e puer dovu méi schwéier.
11. Oktober 2006 Op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz bei Zoufftgen knuppen e Gidder- an e Persounenzuch frontal openeen. Et gëtt 6 Doudeger an 2 schwéier Blesséierter. Véier CFL-Mataarbechter goufen um Gericht verurteelt.
04. Juli 2015 En Teleskoplueder rullt tëscht Kautebaach an Ettelbréck op d'Gleiser a beschiedegt eng Lokomotiv schwéier.
06. Mee 2016 Zu Manternach knuppt e Gidderzuch op enger Barriär op e Schantjesgefier; de Maschinist gëtt liicht blesséiert.
14. Februar 2017 Bei Diddeleng knuppen e Persounenzuch an Gidderzuch frontal openeen. De Maschinist vum Persounezuch stierft dobäi, deen am aneren Zuch gëtt schwéier, eng Persoun gëtt liicht blesséiert.[8]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LW 13.3.1872
  2. LW 22.4.1873.
  3. LW 19.1.1898.
  4. LW 23.9.1904.
  5. Quell vun hei un, ausser anescht uginn: "Eisenbahnunglücke der letzten 100 Jahre in Luxemburg". Luxemburger Wort, 18.2.2017, S.29. Och op wort.lu.
  6. LW N°159/160 vum 8/9. 6. 1918
  7. Artikel am Luxemburger Wort vum 29. Dezember 1920
  8. "Zuchongléck Beetebuerger Triage: CFL-Passagéierzuch duerch Stopp-Signal gefuer." rtl.lu, Leschten Update: 15.02.2017, 09:09:49.