Diskussioun:Gare Diddeleng-Biereng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"D'Gare Diddeleng-Bireng ass keng Gare, mee eng Statioun oder och CFL-Halt genannt .." : Datt eng Gare keng Gare ass ass schonns interessant, datt et eng Statioun ass, ass natierlech nach méi interessant, mee datt déi Gare, déi keng ass, eppes anescht ass an net esou genannt gëtt mee nach anescht, dat ass schonns net schlecht. Gutt, datt d'CFL dat alt Gare nennt, obwuel et jo keng ass. Vive d'Méckepéilereien! --Cornischong 20:50, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech fannen dat do effektif egal wat! En Wiki Artikel deen domat ufänkt wat ëppes net ass, ass keen gudden Artikel.

Ech verweisen op eis Definitioun am Artikel Gare "Eng Gare ass eng Plaz am ëffentleche Verkéiersnetz an där sech de Kontakt tëschen dem Benotzer an dem Bedreiwer vun deem Netz ofspillt. Mat Gare ass ëmgangssproochlech dacks d'Gebai gemengt." Spréch, hei ginn Ëmgangssprooch an den eigentlechen Sënn verwiesselt, well op do lo en Gebai steet oder net, huet fir den Reesender deen do an säin Zuch klëmmt awer lo wierklech keng Bedeitung! Ech géing di ongléckséileg Formuléierung änneren, wann keen eppes dogéint huet!

--Luxmaster051 05:07, 30. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]