Gare Maulesmillen

Vu Wikipedia
Gare Maulesmillen
Streck 1
PK 81.045
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Maulesmillen
Gemeng Wëntger
Kanton Klierf
Koordinaten 50° 5’ 38’’ N
      6° 1’ 36’’ O


D'Gare op der Maulesmillen war vun 1866 bis de 14. Dezember 2014 eng Gare op der Linn 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Klierf an der Gare Ëlwen vun der Lëtzebuerger Eisebunn. D'Gare stoung um P.K. 80,973. Vun deem Dag u gëtt de Persounentransport vun der Maulesmillen op Klierf vun der Autobuslinn 660 Saassel-Klierf gemaach.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet.

D'Gare Maulesmillen hat e gratis Park & Rail-Parking mat 20 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De 15. Dezember 1866 ass d'Gare als Halt opgaangen. 1910 war d'Gebai fäerdeg a konnt als Gare benotzt ginn. Am Laf vun der Elektrifizéierung vun der Nordstreck gouf vun 1993 un d'Gebai net méi gebraucht.

Am Kader vum Bau vum Deel Klierf - Pafemillen vun der Vëlospist PC21, soll de Quai vun der fréierer Gare ofgerappt ginn[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Maulesmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Garen op der Linn 1 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Question écrite n° 3627 - Sujet : Quai de l'ancienne station de Maulusmühle. https://chd.lu+(15.03.2021).+Gekuckt de(n) 31.07.2022.