Op den Inhalt sprangen

Wilhelm Reinhard vun Neipperg

Vu Wikipedia
Wilhelm Reinhard vun Neipperg
Gebuer 27. Mee 1684
Schwaigern
Gestuerwen 26. Mee 1774
Wien
Aktivitéit Militär
Auszeechnungen Chevalier vum Uerde vum Gëllene Vlis
Bestuet mat Maria Franziska Theresia, Gräfin Khevenhüller

De Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg, gebuer de 27. Mee 1684, a gestuerwen de 26. Mee 1774 zu Wien, war en éisträicheschen Offizéier.

Den Neipperg, Fils vum keeserleche Feldmarschall Eberhard Friedrich vun Neipperg (1655 – 1725), ass 1702 an d'éisträichesch Arméi agetrueden a gouf 1717 Colonel vun engem Infanterieregiment. Hien huet mat Succès 1716 am Tierkekrich bei Temesvár a 1717 bei Belgrad gekämpft, gouf 1723 Generolmajouer an Erzéier vum Herzog Franz Stephan vu Loutrengen, dem spéidere Keeser Franz I., an duerno deem säi vertraute Frënd.

1730 gouf den Neipperg Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg. 1733 huet en als Feldmarschallleutnant de Krich an Italie matgemaach, den Adam Sigmund von Thüngen huet hien zu Lëtzebuerg als Festungskommandant ofgeléist. Den Neipperg gouf 1735 Feldzeugmeister, 1737 Gouverneur vun Temesvár an huet am Tierkekrich gekämpft.

Den 1. September 1739 huet en ouni Vollmuecht, an zu fir Éisträich ongënschtege Konditiounen, de Fridde vu Belgrad ofgeschloss, a gouf dofir zum Prisong verurteelt. 1741 duerft en awer nees an d'Schluecht; hie war de Commandant-en-chef a Schlesie géint de Friedrich II. Den 10. Abrëll huet en d'Schluecht vu Mollwitz verluer, a gouf ofberuff.

1743 war en nach eng Kéier bei der Schluecht bei Dettingen dobäi, ass awer geschwënn duerno hannescht op Wien gaangen, wou en 1753 Generol an Éisträich gouf a 1755 Hofkriegsratspräsident.

Nom him genannt

[änneren | Quelltext änneren]

An der Festung Lëtzebuerg war en detachéiert Wierk vun der Diddenuewener Front, de Fort Neipperg no him genannt. Gutt honnert Joer nom Neipperg sengem Doud, krut eng Strooss am Garer Quartier säin Numm, déi haiteg Rue du Fort Neipperg[1].

  1. Uganks (26. Oktober 1889) „Rue Neyperg“, den 29. Dezember 1945 gouf den Numm komplettéiert („Rue du Fort Neyperg“) an den 28. Juli 1967 gouf d'Schreifweis verbessert: „Rue du Fort Neipperg“.