Diskussioun:Sequoiaen am Amaliepark

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir Quiz-Freaken: "Sequoiaën" ass wuel dat eenzegt lëtzebuergescht Wuert, an deem alle 5 Vokaler hannert enee kommen! --Zinneke 09:10, 22. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Tjo, et muss een e Bléck fir déi Saachen hunn. :-)) --Cornischong 10:09, 22. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Da kann, bei Geleeënheet, ee mer mol erklären, firwat "Sequoiaën" en Treema kritt a "Fraen" net. --Cornischong 10:46, 22. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Et wees och vläicht een op d'Sequoiaë Jongen oder Meedercher sinn. Les Meloures 12:18, 22. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Eelsten am Land?[Quelltext änneren]

Ech fäerten, et bräicht mol eng Source fir d'Ausso, datt "dës zwéi Beem déi eelst Sequoiaen zu Lëtzebuerg" wieren. Mat den 3D-Donnée vum Cadaster https://lidar.geoportail.lu/ nogemooss, fannen ech fir déi zwee Beem an der Stad mat Stand Februar 2019 eng Héicht vun ca. 37 Meter deen een resp. 36 Meter deen aneren eraus. Wann ech lo awer z.B. bei déi zwou Sequoiaen zu Buerglënster nomoosse ginn, kommen ech bei dësen op eng Héicht vun 40 Meter resp. 38 Meter. Natierlech steet Alter an Héicht net 1:1 a Relatioun, entscheet och de Buedem sou wéi eng Partie weider Facteure vum Standuert iwwert d'Wuesshéicht vum Bam. Dach schéint et mer domadder déi Ausso ouni all Source zimmlech zweifelhaft ze sinn.

Merci fir déi pertinent Remark. Mer hunn als eenzeg Indikatioun, dass se 1871 bis 1878 geplanzt goufen, wéi de Park ugeluecht gouf. Wéi grouss oder al se do waren, ass net gewosst. Ech änneren emol den Text als "mat déi eelst". Hätt Dir eventuell Informatiounen zu de Sequoiae vu Buergënster? Da kinnt een szou och emol eng Skizz vun engem Artikel uleeën. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:42, 24. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]