Madeira

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lag
Satelittevue
Vue vun der Seelebunnstatioun bei Achadas da Cruz
Ponta de São Lourenço um ëstleche Wupp vu Madeira
D'Hannerland
De Cabo Girão
Vue vum Pico do Arieiro op de Pico das Torres
Blumme vu Madeira
Schwämmen am Mier zu Porto Moniz
De botanesche Gaart, hanne Funchal

Madeira [ mɐ'deiɾɐ ] (vu Portugisesch madeira, "Holz"), ass eng portugisesch Insel 951 km südwestlech vu Lissabon a 737 km westlech vun der marokkanescher Küst am Atlanteschen Ozean. Si gehéiert mat der méi klenger Insel Porto Santo an der onbewunnter Inselgrupp Ilhas Desertas zu der Inselgrupp Madeira, déi zesumme mat den (och onbewunnten) Ilhas Selvagens d'Autonom Regioun Madeira bilden.

Als Deel vu Portugal gehéiert Madeira och zum Territoire vun der Europäescher Unioun. D'Inselgrupp huet eng 235.000 Awunner op enger Fläch vu 801 km². D'Haaptinsel Madeira selwer ass 741 km² grouss. D'Haaptuertschaft ass Funchal.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Déi ganz Insel besteet aus mëttelhéije bis héije Bierger. D'Küst geet géi an d'Mier erop. Am Zentrum vun der Insel sinn déi héchst Bierger, mam Pico Ruivo (1862 m héich), dem Pico do Arieiro, dem Pico das Torres an dem Pico Grande.

Am Weste läit d'Héichmuer Paul da Serra, op enger Héicht vun 1300 bis 1500 m. Am Norde läit den Dall vum Ribeira da Janela, mat 12  Kilometer de längste Floss op der Insel.

Madeira läit op der Afrikanescher Plack an ass duerch en Hotspot entstanen, deemno, wéi och d'Kanaresch Inselen, d'Kapverden an d'Azoren, virun 18 bis 3 Millioune Joer, duerch vulkanesch Aktivitéit. Nach viru 500.000 Joer waren d'Vulkaner aktiv.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima op Madeira ass ganz ënneschiddlech: Am Norde reent et dacks, iwwerdeems et am Süden subtropesch waarm ass. Déi duerchschnëttlech Héchsttemperature leien têschent 19 Grad am Januar bis Februar a 26 Grad am August bis September.

Flora a Fauna[änneren | Quelltext änneren]

Madeira war ni mam Festland verbonnen, a läit 630 Kilometer vun Afrika ewech. Op natierlechem Wee konnten Déieren a Planzen deemno nëmmen iwwer d'Waasser (op Dreifholz; Reptilien, Insekten, Schleeken, etc.) oder vum Wand (Vigel oder Insekten a Spannen, sou wéi Som oder Spore vu Planzen oder Pilzen) zoufälleg dohigedriwwe ginn. Och Zuchvigel hu Som vu Planzen, déi se gefriess haten, oder deen un hinnen houng, do ausgescheet, resp. falegelooss, sou datt déi Planze sech do verbreede konnten.

Déi Aarten, déi op Madeira fouss faasse konnten, hu sech zum Deel duerch d'Evolutioun zu eegenen Ënneraarten, oder souguer zu eegenen Aarten entwéckelt. Bei den Déiere si Kiewerleken a Schleeken déi heefegst endemesch Aarten, just 20 dovu si Wierbeldéierenaarten oder -ënneraarten (déi meescht dovu Vigel). 793 Planzenaarte gëllen als endemesch.

Madeira gëtt haut "Blummeninsel" genannt. Déi haut wäit verbreet Strelitzien, Hortencen, an nach aner Aarte mat grousse faarwege Blumme goufe vum Mënsch dohi bruecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt Madeira schonn am 6. Joerhonnert v. Chr. vun de Phenizier entdeckt gouf, wéi ee beim Diodor (5.19–20) liese kann. De Plinius den Eeleren schreift a senger Naturalis historia vun enger Insel Atlantis, déi ee mat Madeira identifizéiere kéint. Hien nennt déi ganz Inselgrupp "Purpurinselen". De Claudius Ptolemäus nennt d'Haaptinsel "Erythia" a Porto Santo "Paena". 1419 huet de portugiseschen Séifuerer João Gonçalves Zarco d'Insel erëmentdeckt. Mee schonns am 14. Joerhonnert hu Schëffer, déi vun de Kanareschen Inselen zréckkoumen, do Statioun gemaach. Vu 1420 un hu sech, op d'Bestriewe vum Henrique dem Séifuerer hin, Portugisen op Madeira néiergelooss. Do derbäi koume Sklaven, déi vun der Küst vu Guinea, vun de kanareschen Inselen oder méi spéit Nordamerika erbäibruecht goufen.

Sou koum Akerbau (Weess, Zockerrouer) a Véizucht op d'Insel, fir déi duerch Feier fräi Fläche geschaaft goufen. Bewässerungskanäl (Levada genannt) goufen ugeluecht, déi d'Waasser aus dem Norden, wou et dacks reent, an den dréchene Süde geleet hunn. 1515 hat Madeira 19.000 Awunner, dovu waren der 3000 Sklaven. Well d'Zockerrouerproduktioun an der Halschecht vum 16. Joerhonnert erofgoung, goufe Wéngerten ugeluecht. Am 16. Joerhonnert gouf Madeira en Exporteur vu Wäiner. Vun do u war Madeira och eng wichteg Statioun fir Seegelschëffer um Wee an déi Nei Welt (Amerika oder Indien), an och eng Handelsplaz fir Sklaven aus Afrika.

1668 huet England sech de Wäinexport ënner den Nol gerappt. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert goufen d'Wéngerten duerch Mielda a Rieflaus uerg deziméiert; vill Leit hunn doropshin d'Insel verlooss, well se hir Liewensgrondlag verluer haten. Vun deenen, déi bliwwe sinn, hunn der eng jett d'Brodéieren als nei Verdéngschtquell fonnt.

1931 koum et zu enger Hongerrevolt, wouropshin en etlech Leit op d'Azoren oder d'Kapverdesch Inselen exiléiert goufen.

1960 gouf e Fluchhafen zu Porto Santo a Betrib geholl, an 1964 een zu Santa Catarina. No der Oeilletsrevolutioun, 1974, krut Madeira 1976 seng bannescht Autonomierechter erëm (eege Regierung a Parlament).

D'Zuel vu Vakanzentouristen op Madeira goung vun 180.000 am Joer 1976 op 500.000 am Joer 1995 a ronn eng Millioun 2005 erop. Den 20. Februar 2010 gouf et schro Schliet op der Haaptinsel, mat Stuerm, Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher, bei deenen op d'mannst 40 Leit ëm d'Liewe koumen.

Politesch Organisisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Inselgrupp forméiert zesummen d'Autonom Regioun Madeira (Região Autónoma da Madeira), déi an eelef Gemengen oder Kreesser (municípios) ënenrdeelt ass. Déi 5 gréisste Gemenge sinn (2010): Funchal mat 92.800 Awunner, Câmara de Lobos mat 34.300, Machico mat hirer 12.900, Caniço mat 14.632 a Camacha mat 9.563.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Den Tourismus ass haut déi wichtegst Source vu Revenu. Besonnesch bei de Briten ass Madeira eng traditionell Vakanzendestinatioun. Et kann ee vill Wanderungen op Madeira maachen. Sandplagë ginn et keng, just Fielsbuchten. Bei Taucher ass Madiera beléift; zu Caniço gëtt et zënter den 1980er Joren en Ënnerwaasser-Nationalpark.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Museu Photographia Vicentes, Funchal
  • Kulturgeschichtleche Musée an der Quinta das Cruzes, Funchal
  • Museu de Arte Sacra (Funchal)
  • Museu Henrique e Francisco Franco, Funchal
  • Museu de Arte Contemporânea, Funchal
  • Sammlunge vum Frederico de Freitas, Funchal
  • Broderie-Musée am Instituto do Vinho, do Bordado e do Artesanato da Madeira, Funchal
  • Museu da Electricidade, Funchal
  • Madeira Story Centre, Funchal

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Sziemer: Eine kurze Naturgeschichte Madeiras. Ribeiro, Funchal 2000, ISBN 972-9177-30-9; englische Version ISBN 972-9177-31-7
  • Alfred Wirthmann: Zur Klimageomorphologie von Madeira und anderen Atlantikinseln. In: Karlsruher Geographische Hefte Nr. 2, Karlsruhe 1970.
  • R. Jardim, D. Francisco: Flora endémica da Madeira / Flore Endémique de Madère / Endemic flora of Madeira / Endemische Flora Madeiras, Muchia, Funchal 2000, ISBN 972-8622-00-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Madeira – Biller, Videoen oder Audiodateien