Ilhas Desertas

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten:
Loftbild

D'Ilhas Desertas (Portugisesch fir verloossen Inselen) sinn en Archipel aus e puer klengen Inselen, südëstlech vu Madeira, déi, wéi och Madeira, (geopolitesch) zu Portugal gehéieren.

Et sinn dat:

Kaart vun den Ilhas Desertas vun 1851
Insel
vun Norden no Süden
Fläch
[km²]
Héicht
[m]
Prego do mar
(Ship Rock)
0,0003 49
Ilhéu Chão 1 98
Deserta Grande 10 442
Bugio 3 348
Desertas 14,21 442

D'Ilhas Desertas gehéieren zu der Gemeng Santa Cruz am Landkrees ma selwechten Numm.

Am ganzen hunn d'Inselen eng Fläch vu 14,21 km² an eng maximal Héicht vun 442 m.

Ausser enger biologescher Fuerschungsstatioun sinn d'Inselen onbewunnt. Si stinn zanter 1990 ënner Naturschutz, a sinn zanter 1995 en Naturreservat. Et däerf een dann och nëmmen mat enger Autorisatioun fir Fuerschungen op d'Inselen, dat, fir déi zwou Dose Robbe vun der Aart Monachus monachus ze schützen, déi do liewen, a vun deenen et op der Welt nach just ronn 350 Exemplare gëtt. Och aner rar Déieren- a Planzenaarten kommen op den Insele vir, wourënner d'Blumm Sinapidendron sempervivifolium déi do endemesch ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Secretaria Regional do Ambiente e dos Recursos Naturais (Ed.): As Ilhas Desertas/The Desert Islands, 2. Oplo 2007, ISBN 972-98431-6-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ilhas Desertas – Biller, Videoen oder Audiodateien