Karl I. vun Éisträich-Ungarn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Karl I./IV. Károly (1917).

De Karl I., gebuer de 17. August 1887 als Erzherzog Carl Franz Joseph Ludwig Hubert Georg Otto Maria von Habsburg-Lothringen um Schlass Persenbeug a gestuerwen den 1. Abrëll 1922 zu Funchal, op Madeira, aus der Dynastie vun Habsburg-Loutrengen, war vun 1916 bis zu sengem Récktrëtt 1918 de leschte Keeser vun Éisträich.

Als IV. Károly (Ungaresch), respektiv Karlo IV. (Kroatesch), war e gläichzäiteg Kinnek vun Ungarn a Kroatien an als Karel III. Kinnek vu Béimen.

Hie war den eelste Jong vum Erzherzog Otto a senger Fra, der Prinzessin Maria Josepha vu Sachsen, an domat e Groussneveu vum Keeser Franz Joseph I.. Säi Monni war de Franz Ferdinand vun Éisträich, deen, ier en 1914 zu Sarajevo ermuert gouf, den Trounfolger war. Ewell war de Karl deen nächsten an der Successioun.

1911 huet hie sech mat der Zita vu Bourbon-Parma bestuet; si kruten aacht Kanner:

  • Otto (1912–2011) ∞ 1951 Regina Prinzessin von Sachsen-Meiningen (1925–2010)
  • Adelheid (1914–1971)
  • Robert (1915–1996) ∞ 1953 Margherita von Savoyen (* 1930)
  • Felix (1916–2011) ∞ 1952 Anna Eugenie Herzogin von Arenberg (1925–1997)
  • Carl Ludwig (1918–2007) ∞ 1950 Yolande von Ligné (* 1923)
  • Rudolph (1919–2010)
    1. ∞ 1953 Xenia Tschernyschew Besobrasow (1929–1968)
    2. ∞ 1971 Anna Gabriele Prinzessin von Wrede (* 1940)
  • Charlotte (1921–1989) ∞ 1956 Georg Herzog zu Mecklenburg (1899–1963)
  • Elisabeth (1922–1993) ∞ 1949 Heinrich, Prinz von und zu Liechtenstein (1916–1991)

Hien huet bis 1916 eng Carrière am Militär gemaach an huet bei verschiddene Kampagnen am Éischte Weltkrich de Kommando gefouert. Den 21. November 1916 ass de Keeser Franz Joseph gestuerwen, an de Karl gouf Keeser a Kinnek. Als neie Staatschef huet hie probéiert, den Afloss vun de militäreschen Eliten ze reduzéieren, a gläichzäiteg am zivile Beräich der Regierung nees méi Pouvoiren ze ginn.

1917 koum et zu enger innepolitesch Kris an Éisträich-Ungarn, well, wéinst dem Krich, et ëmmer méi un allem gefeelt huet, absënns och u Liewensmëttel, wouduerch et zu Protester, Streiken an Aarbechteropstänn koum. Duerch d'Aféiere vu soziale Gesetzer a Moossnamen (Kënnegungsschutz vu Locatairen, déi hannedra mam Loyer waren) huet hie probéiert, dës Situatioun ze berouegen.

Hien huet zanter 1916 agesinn, dass de Krich net fir d'Mëttelmiecht ze gewanne war, a probéiert, ouni Succès, iwwer säi Schwoer Sixtus Ferdinand vu Bourbon-Parma e Separatfridde mat de Länner vun der Triple-Entente auszehandelen. Domat huet hie sech ëmmer méi géint d'Däitscht Räich (an déi Däitsch-National am eegene Land) gestallt. Well en dat niéiert hat, bis Frankräich de Bréif vum Sixtus publizéiert huet, war hie blaméiert.

Wéi bis an Däitschland den 9. November 1918 de Wilhelm II. zeréckgetrueden ass an d'Republik ausgeruff gouf, war et och séier mat der Donaumonarchie eriwwer, déi miltäresch an innepolitesch um Buedem louch. Den 11. November 1918 huet de Karl I. an den éisträichescher Halschent vu sengem Räich op säin Amt verzicht, an den 13. November an där ungarescher (allerdéngs huet hien net formell ofgedankt, sou dass e Gesetz gestëmmt gouf, dat et den Habsburger verbitt, am Land ze bleiwen, dees, se géifen ausdrécklech op all Herrschaftsusproch verzichten).

No e puer Joer an der Schwäiz, an egem Versuch, an Ungarn nees un d'Muecht ze kommen, wat awer näischt gouf, ass de Karel mat senger Famill 1921 vun der Triple Entente op Madeira verbannt ginn. Do ass en den 1. Abrëll 1922 mat 34 Joer un enger Longenetzündung gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl I. – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Franz Joseph I.
Kinnek vu Béimen
1916 - 1918
Nofolger:
Republik
Virgänger:
Franz Joseph I.
Kinnek vun Ungarn
1916 - 1918
Nofolger:
Republik
Virgänger:
Franz Joseph I.
Keeser vun Éisträich
1916 - 1918
Nofolger:
Republik