Wantervullenzielung
D'Wantervullenzielung ass eng Aktioun vun natur&ëmwelt, déi et zanter 2006 gëtt a bei där all Joer de leschte Weekend am Januar Fräiwëlleger Vullen zu Lëtzebuerg zielen. Wärend dräi Deeg (freides bis sonndes) huelen d'Participantë sech eng Stonn Zäit fir d'Vullen an hirem Gaart ze zielen. Dobäi gëtt fir all Aart festgehalen, wat déi héchsten Zuel ass, déi wärend där enger Stonn gläichzäiteg am Gaart gesi gouf.
Wat ass den Zweck vun der Aktioun?
[änneren | Quelltext änneren]Primär geet et bei der Wantervullenzielung dorëms, d'Bestänn vun de Vulle besser ofschätzen ze kënnen an iwwert d'Joren d'Populatiounsentwécklung z'erkennen. Dobäi geet et haaptsächlech, awer net nëmmen, ëm déi heefeg Vullenaarte ronderëm d'Haiser an an de Gäert. Wärend ee fir seele Vullenaarten duerch geziilt Kartéierungen vun Ornithologen dacks gutt Bescheed weess, ass ee bei de geleefege Villercher an den Dierfer a Stied drop ugewisen, datt méiglechst vill Fräiwëlleger hëllefen Daten ze sammelen.
D'Wantervullenzielung huet awer och ee pedagogeschen Aspekt: Doduerch, datt d'Leit sech mat de Vullen an hirem Ëmfeld auserneesetzen, soll sech d'Aartekenntnis vun der Bevëlkerung verbesseren, wat nom Motto „et schützt ee just, wat ee kennt“ indirekt rëm dem Vulleschutz zeguttkënnt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vun natur&ëmwelt fir d'Wantervullenzielung 2024 (opgeruff den 03.03.2024)
Quell
[änneren | Quelltext änneren]- natur&ëmwelt a.s.b.l. (Ed.): E Bléck an eis Natur vun A-Z, 1. Oplo, Éditions Guy Binsfeld 2020, S. 394f