Op den Inhalt sprangen

Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel

Vu Wikipedia
Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel
Typ Établissement public (Lëtzebuerg)
Grënnungsdatum 27. August 2013
Sëtz Lëtzebuerg
President Thierry Hoscheit, Marc Glesener
Direkter Cindy Bauwens
RCS J51
Homepage https://www.alia.lu/

D'Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA) ass e lëtzebuergescht ëffentlecht Etablissement dat mam Gesetz vum 27. August 2013[1] an d'Liewe geruff gouf. Et ass den Nationalen onofhängege Medieregulater dee vun enger EU-Direktiv gefuerdert gëtt.

D'ALIA ersetzt déi fréier Commission nationale des programmes a Commission indépendante de la radiodiffusion an huet deenen hir Kompetenzen iwwerholl.

Der ALIA hir Haaptaufgab ass et sécherzestellen, datt déi audiovisuell Medien, déi ënner d'Lëtzebuerger Kompetenz falen, iwwerwaacht a kontrolléiert ginn, an esou sécherzestellen, datt se d'Gesetzer, d'Reglementer an d'Cahier-de-chargen anhalen. D'ALIA iwwerwaacht deemno de Contenu vun den Televisiouns- a Radiossendungen, deenen hir Publicitéitsaktivitéiten a bewäert d'Alterslimitte vun de Kinosfilmer. Si ass och verantwortlech fir d'Iwwerwaache vum Walkampf, se muss de Public iwwer politesch Meenungsëmfroen informéieren an huet Kompetenzen am Kader vum „Whistleblowergesetz“ an an der Mediebildung.

Verwaltungsrot an Direkter

[änneren | Quelltext änneren]

De Verwaltungsrot vun der ALIA besteet aus fënnef Memberen.

Verwaltungsrot an Direktioun vun der ALIA
Period President Memberen Direkter
2013-2019 Thierry Hoscheit Jeannot Clement, Valérie Dupong,

Luc Weitzel, Claude Wolf[2]

Romain A. Kohn
2019-2024 Thierry Hoscheit Valérie Dupong, Marc Glesener,

Claude Wolf, Luc Weitzel[3]

Paul Henri Lorenz[4][5]
2024-2029 Thierry Hoscheit[6] Valérie Dupong, Claude Wolf, Luc Weitzel[7], Romain Schroeder[8] Cindy Bauwens[9]
zënter dem 10.01.2025

Marc Glesener[10]

Wann eng Plainte bei der ALIA agereecht gëtt, ass et um Verwaltungsrot fir ze kucken, ob se zougelooss gëtt oder net. De Verwaltungsrot decidéiert ob eng Enquête an d'Weeër geleet gëtt, en enregistréiert d'Verstéiss géint d'Mediegesetz an d'Reglementer grad ewéi déi géint kontraktuell Verflichtungen.

Wann d'ALIA e Verstouss vun engem Tëlees- oder Radiosender feststellt, kann de Verwaltungsrot eng vun de Sanktiounen déi am Gesetz virgesi si verhänken, nodeems dat mam Direkter ofgeschwat gouf.

D'Sanktioun kann entweeder sinn:

  • e Verweis ((fr) blâme),
  • e Verweis mat der Verflichtung e Communiqué iwwer d'Antenn virzeliesen, oder
  • eng Geldstrof tëscht 250 a 25.000 Euro.

Consultativ Assemblée

[änneren | Quelltext änneren]

D'consultativ Assemblée ass eng Kommissioun déi aus maximal fënnefanzwanzeg Membere besteet, an déi vun deenen Organisatiounen, déi am meeschten am sozialen a kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg present sinn, delegéiert ginn. Se gi fir eng Period vu fënnef Joer ernannt.

D'Assemblée muss ë. a. am Kader vun enger Instruktioun iwwer verschidde Sujeten déi am Gesetz opgezielt sinn, ëm en Avis gefrot ginn; et handelt sech dobäi z. B. ëm d'Verbuet fir zur Gewalt, zum Haass an zum Terrorismus opzeruffen, ëm Protektioun vun de Mannerjäregen, asw.

Am Joer 2023 koum d'consultativ Assemblée sechsmol beieneen an huet zwéin Avisen ofginn.

Am Ufank hat d'ALIA 6 Mataarbechter; Enn 2024 waren et der 14 (inklusiv der Direktesch)[11].

Programmiwwerwaachung

[änneren | Quelltext änneren]

Bei hirer Grënnung huet d'ALIA 80 Servicer iwwerwaacht[12], 2023 ass d'Zuel op knapp 450 Servicer eropgaangen.

Entwécklung vun der Zuel vun iwwerwaachte Servicer[13]
2015 2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022 2023
Lëtzebuergesch Tëlessprogrammer 65 73 68 78 123 133 138 156 132
international Tëlessprogrammer 0 1 3 8 17 22 182 202 200
VOD 19 13 13 11 12 17 30 46 81
VSP 0 0 0 0 0 0 0 11 11
Radiossprogrammer 18 18 18 18 20 21 20 20 20
Total 102 105 102 115 62 192 370 435 444

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Loi du 27 août 2013 portant création de l'établissement public « Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel » (...). legilux.public.lu (27.08.2013). Gekuckt den 10.09.2020.
  2. Presentatioun an engem Pressecommuniqué vum 3. Mäerz 2014, S.3-4
  3. (fr) Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel - Nominations. data.legilux.public.lu (13.01.2019). Gekuckt de 05.08.2024.
  4. (fr) Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel - Nominations. legilux.public.lu (09.09.2019). Gekuckt de 05.08.2024.
  5. (fr) Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel - Démission honorable. legilux.public.lu (26.09.2024). Gekuckt de 24.07.2025.
  6. zeréckgetrueden op de 15. September 2024
  7. (fr) Arrêté grand-ducal du 24 janvier 2024 portant nomination du Conseil d’administration de l’Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel. legilux.public.lu (24.01.2024). Gekuckt de 05.08.2024.
  8. (fr) Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel - Nomination. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.07.2025.
  9. (fr) Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel - Nomination. legilux.public.lu (02.08.2024). Gekuckt de 24.07.2025.
  10. (fr) Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel - Nomination. legilux.public.lu (10.01.2025). Gekuckt de 24.07.2025.
  11. (fr) 2024 - Rapport annuel - ALIA S. 32. Gekuckt de 24.07.2025.
  12. Pierre Sorlut: "Jurassic TV." d'Lëtzebuerger Land Nr. 27, 09.07.2021, S.9.
  13. (fr) Rapport Annuel 2023 ALIA (S. 55). Gekuckt den 03.08.2024.