Sennenger Schlass

Vu Wikipedia
Sennenger Schlass
D'Sennenger Schlass (2018)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Plaz Senneng
Koordinaten 49° 38’ 47.16’’ N
      6° 14’ 10.92’’ E
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Récksäit vum Sennenger Schlass
Weier am Park vum Sennenger Schlass
Zeechnung vum Nicolas Liez vum Schlass an der Pabeiermillen (ëm 1834).

D'Sennenger Schlass läit westlech vun der Uertschaft Senneng, an der Gemeng Nidderaanwen. Et gehéiert dem Staat a gëtt ë. a. fir Empfäng a Versammlunge benotzt. Et kann net besicht ginn[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 17. Joerhonnert huet den Alexander Wiltheim eng Fruucht- an eng Uelegmille bedriwwen. 1712 huet de Guillaume La Payrade eng vun de Mille kaf, 1721 krut hien d'Patent, do Pabeier ze fabrizéieren. Den Drécker a Libraire André Chevalier gouf 1719 säin Associé. Deen huet 1737 d'Pabeiermillen dem Händler Pierre Bourgeois verkaf[2].

1750 gouf et e Feier am Bourgeois senger Millen, se gouf, wéi och d'Wunnhaus, nees opgebaut. D'Pabeierproduktioun gouf no an no ausgebaut, 1815 war den Nottär Jacques Funck vun Nidderaanwen Gerant vun de Bourgeois hirer Millen, déi dunn 18 Leit beschäftegt huet[2].

1824 goung d'Millen, zesumme mat enger anerer niewendrun, un den Editeur a Libraire Jacques Lamort an de Jacques Funck. 1835 huet de Lamort d'Fabrikatioun vun Tapéiten, déi virdrun a senger Fabrick a Clausen gemaach goufen, op Senneng verluecht.

1845 huet dem Jacques säi Jong Léon Lamort d'Entreprise iwwerholl. Dës huet floréiert, bis den Däitsch-Franséische Krich den Ofsaz a Frankräich abrieche gelooss huet. D'Produktioun goung och zeréck, well d'Konkurrenz vu Pabeier aus Holz amplaz aus Lompen, ëmmer méi staark gouf.

1882 gouf d'Fabrick zu Senneng zougemaach. De franséischen Industriellen Ernest Dervaux gouf neie Proprietär vun de Gebaier. Hien huet d'Millen ofrappen an d'Residenz an en neogotescht Schlass ëm- an ausbaue gelooss. Ausserdeem huet hien e Wantergaart an e Park ronderëm uleeë gelooss[2].

1940 bis 1944, ënner däitscher Occupatioun, war am Schlass e Kënschtler-Erhuelungsheem amenagéiert, dat vun der "Goebbels-Stiftung"[3] gefouert gouf. 1952 huet d'Lëtzebuerger Arméi do eng Kommandozentral ageriicht. 1968 gouf d'Schlass vum Staat an eng Telekommunikatiounszentral ëmgebaut. Méi spéit gouf et och an e Konferenzzenter a fir Empfäng ausgebaut. 2004-2006 gouf et renovéiert[2].

D'Schlass haut[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den offiziellen Empfäng a Versammlungen ass d'Schlass de Sëtz vum Centre de communications vun der Regierung[4], deen dem Premierminister ënnersteet.

Den Zenter ass ënner anerem zoustänneg fir d'Kryptographie an d'Sécherheet vun der interner Kommunikatioun vum Gouvernement. Dat selwecht gëllt fir d'Kommunikatioun vun der Regierung an der NAMSA mat der NATO, der UEO, der Europäescher Unioun an der OSCE. Hei ginn och déi Leit ausgebilt, déi beim Staat a bei de Lëtzebuerger Vertriedungen am Ausland fir d'Chiffréieren zoustänneg sinn[5].

Bei enger Kris soll d'Schlass als Krisenzenter vun der Regierung benotzt ginn[6].

D'Schlass am Kader vu Stay Behind, SREL a Bommeleeër[änneren | Quelltext änneren]

No geheimen Dokumenter, déi ufanks Abrëll 2013 vun RTL publizéiert goufen, huet d'Schlass 1971 an 1972 de Kader fir Reunioune vum Comité clandestin allié, besser bekannt als Stay Behind, ofginn[7].

Am Abrëll 2013 gouf dunn iwwer de Radio 100,7 bekannt, datt am Sennenger Schlass en zweet Geheimarchiv vum Spëtzeldéngscht ënnerhale gëtt[8]. Doriwwer huet sech den Alex Bodry, President vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun iwwer de SREL, den 19. Abrëll nach bass erstaunt gewisen an huet seng Kommissioun zesummegeruff fir gläich méindes mueres, den 22. Abrëll d'Schlass mol besichen ze goen a sech en Androck vum deem SREL-Archiv ze maachen[9].

Beim Androck ass et dunn och bliwwen, well de Schlëssel vum Schaf hate se net matgeholl. Wien hätt jo och geduecht datt grad de SREL deen eenzege Schlëssel vun deem Miwwel sollt hunn[10]?

Bei där Visitt huet sech dunn och erausgestallt, datt den Direkter vum SREL, de Patrick Heck, den Alex Bodry scho "virun enger Zäit" iwwer dat Archiv zu Senneng informéiert hat. Wéi déi Noriicht nomëttes am Bommeleeërprozess ukoum, huet de Maître Gaston Vogel d'Demissioun vum Alex Bodry verlaangt a gefuerdert datt d'Geriicht eng Perquisitioun am Schlass sollt ordonéieren. D'Riichterin konnt den Affekot gläich berouege well si déi Hausduerchsuchung schonn ordonéiert hat a se just an deene Minutten ofgelaf ass[11].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sennenger Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "The castle of Senningen", Syndicat d'initiative de la commune de Niederanven. Gekuckt 2013-04-19.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 "Le château de Senningen: Historique", Centre de Communications du Gouvernement. gekuckt 2013-04-19.
  3. Goebbels-Stiftung für Kulturschaffende.
  4. Annuaire vun der Regierung
  5. ccg.public.lu Division permanence des communications Archivéiert op 2013-01-24. Gekuckt de(n) 2013-04-21.
  6. ccg.public.lu D'Missioune vum Centre de communications Archivéiert op 2012-05-07. Gekuckt de(n) 2013-04-21.
  7. PDF: Weider Bréiwer un de Staatsminister am Kontext "Stay behind". Säiten 12-16, rtl.lu 10. Abrëll 2013; archivéiert
  8. Ein zweites Srel-Archiv in Senningen wort.lu, 20. Abrëll 2013
  9. SREL: Zweeten, geheimen Archiv am Sennenger Schlass, Reaktioun Alex Bodry rtl.lu, 19. Abrëll 2013; archivéiert
  10. Srel-Affäre: Schrank im Panzerraum wort.lu, 22.Abrëll 2013
  11. 2. SREL-Archiv: Perquisitioun a Saisie zu Senneng am Schlass rtl.lu, 22. Abrëll 2013