Romi Roth

Vu Wikipedia
Romi Roth
Gebuer 21. Mee 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Véidokter
Partei CSV
Famill
Papp Lex Roth

D'Romi Roth, gebuer den 21. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Veterinärin a fréier Politikerin (CSV).[2]

D'Romi Roth praktizéiert zënter 1985 zu Lëtzebuerg als Veterinärin.[1]

Vun 1994 bis 1999 war d'Romi Roth Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[3] Si huet bei de Chamberwale vum 14. Juni 1994 op der Lëscht vun der CSV kandidéiert, gouf awer net gewielt.[4] Si ass awer den 12. Februar 1998 als Deputéiert an d'Chamber nogeréckelt, wéi de Luc Frieden Minister gouf, a si huet dat Mandat bis 1999 behal.

Si ass d'Duechter vum Lex Roth an d'Cousine vum Gilles Roth.[5] Si huet zanter Joren eng reegelméisseg Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg an eng Rubrik am Luxemburger Wort zu Theme vun der Déieremedezin.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, S. 263.
  2. Romi Bruck an der Lëscht vun den Deputéierten zanter 1944
  3. Claude Wolwert: Der Beginn einer neuen Mandatsperiode. Ons Stad 45/1994, S. 2-3.
    Claude Wolwert: Abschied. Ons Stad 63/2000, S. 5.
  4. Les résultats des élections législatives du 12 juin 1994. Bulletin d'information et de documentation. Numéro spécial: Élections législatives 1994. Service Information et Presse, Luxembourg 1994, S. 7.
  5. Wir sind keine Revoluzzer Artikel am Luxemburger Wort iwwer d'Véronique Bruck, Duechter vum Romi Roth.