Ernest Ludovicy

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Ernest Ludovicy, gebuer den 22. Juni 1904 a gestuerwen den 23. November 1975, war e lëtzebuergesche Professer an Auteur vu literareschen, linguisteschen a pedagogesche Schrëften.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Ernest Ludovicy huet virun allem a Frankräich an der École Normale Supérieure studéiert a gouf Professer um Stater Kolléisch nodeem den deemolegen Educatiounsminister Joseph Bech hie fir ee Joer fräigestallt hat fir Spezialetuden iwwer Romanistik ze maachen. Seng Publikatioune ginn iwwer Sproocherzéiung zu Lëtzebuerg aus senger Lag tëscht Frankräich an Däitschland eraus, de franséischen Theater, an allgemeng iwwer Frankräich, op dat hie grouss Stécker gehalen huet.

1928 ass hie Member vun der Luxemburgische Sprachgesellschaft ginn, déi 1935 eng Sektioun vum Institut grand-ducal gouf. An där Sektioun war hie Keessje an duerno bis zu sengem Doud Sekretär.

Den Ernest Ludovicy war an der Wierderbuchkommissioun zanter hirer Grënnung 1936 a gouf nom Doud vum Professer Joseph Meyers 1964 hire President.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Enquête sur la jeunesse, Ministère de l'Éducation nationale, 1963.
  • Racine et Molière. Etude de quelques aspects apparemment communs de leurs oeuvres', SELF, 1953.
  • Le mythe grec dans le théâtre français contemporain, Editions les langues vivantes, Bruxelles 1956.
  • L'organisation et les méthodes de l'enseignement des langues vivantes au Luxembourg, Athénée de Luxembourg.

Bäidréig[änneren | Quelltext änneren]

(Auswiel)

  • "Les images de la France", in: Les cahiers luxembourgeois.
  • "Notes sur le bilinguisme", in: Revue de psychologie des peuples.
  • "Le Luxembourg entre la France et l'Allemagne", in: Geographie, Geschichte, Pädagogik, Göttingen.
  • "Comment les Allemnads ont vu le peuple français, de 1919 à 1939", in: Revue de pschologie des peuples.
  • "L'éternelle dispute", in: Perspectives.
  • "La contribution de nos professeurs à l'étude de la linguistique", in: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939: nouvelles pages d'histoire nationale / rédigées par un groupe de spécialistes. - Luxembourg, 1939. - P. 214-220.
  • La famille souveraine - Luxembourg, 1948, Livre du Centenaire

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memoril A N° 12 vun 1958 mat der Lëscht vun de Leit déi dunn am Ordre dela couronne de chêne dekoréiert goufen