Kierch Lëtzebuerg-Weimeschkierch
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Weimeschkierch | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mäerten | |||
Konsekratioun | 1767 | |||
Koordinaten | 49° 47’ 12.4’’ N 06° 26’ 33.6’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vu Weimeschkierch ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de Laroche mat der rue Henri Lamomesnil. Nieft der Kierch ass de Kierfecht op e puer Niveauen ugeluecht.
D'Kierch gouf den 29. Mäerz 2019 als nationaalt Monumnet klasséiert.[1]
Zu der fréeierer Par Weimeschkierch hun ausser der Weimeschkiercher Parkierch och nach d'Filialkierch vun Dummeldeng, d'Filialkierch vum Kierchbierg an d'Filialkierch aus der Millebaach gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Par Weimeschkierch ass eng vun den eelsten am Land a gouf schonn ëm d'Joer 723 an engem Dokument vun der Abtei Sankt Maximin Tréier ernimmt.
Déi haiteg Kierch staamt an hirer architektonescher Grondstruktur aus de Jore 1763-64 a gouf vum Weibëschof vun Tréier, dem Johann Nikolaus von Hontheim am Joer 1767 konsekréiert.
An de leschte Joerzéngte vum 19. Joerhonnert si verschidde Vergréisserungen um Gebai gemaach ginn.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schmitt, Michel, 1992: Weimerskirch, die "Urpfarrei"der Stadt Luxemburg. In: ons stad Nr 41, Ss. 20-21. (Link op d'PDF-Dokument)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Lëtzebuerg-Weimeschkierch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Par Weimeschkierch op der Websäit vum Parverband Weimeschkierch-Beggen
- D'Fënstere vun der Kierch vu Lëtzebuerg-Weimeschkierch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit Orgues.lu
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).