Géisserei Wies

Vu Wikipedia
Géisserei Wies
Ëmbau vun der aler Géisserei (Stand:17.1.2007)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Weimeschkierch
Koordinaten 49°37'43,32"N, 6°7'59,74"O
Datum vum Bau 1930

D'Géisserei Wies, och nach Fonderie de Luxembourg oder vun den Awunner Eecher Géisserei genannt, gouf Enn vun den 1930er Jore vum Jean-Pierre Wies gegrënnt. Si war zu Weimeschkierch bei der Uelzechtbréck, an der rue Munchen-Tesch um rietsen Uwänner vun der Uelzecht. Do goufen haaptsächlech Dampiewe fir Bäckereie fabrizéiert.

D'Géisserei gouf de 24. Dezember 1925 ënner dem Numm Fonderie d'Eich, Société anonyme gegrënnt. Déi Firma gouf den 30. Dezember 1948 a Wies Frères, Fonderie de Luxembourg, Société en nom collectif ëmgeännert, aus där dann de 24. Juli 1956 Pierre Wies, Fonderie de Luxembourg, Société en commandite simple ginn ass.

Den 23. Oktober 1974 huet René Schiltz et Compagnie, Fonderie de Luxembourg, Société en commandite simple, d'Géisserei iwwerholl. Déi Firma ass de 17. Januar 2000 opgeléist ginn.

Am Juli 1999 huet d'Stad Lëtzebuerg d'Gebai vun der Géisserei mat engem Terrain vu 34,32 Ar fir de Präis vun 13 Millioune Frang kaaft an huet duerno de Lëtzebuerger Guiden a Scouten dat Gebai als nei Zentral proposéiert.

D'Ëmbauaarbechten hunn am Joer 2004 ugefaangen a ware 2007 fäerdeg. Ausser der Zentral vun den LGS ass do och nach den neie Chalet Géisserei entstanen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Géissereien zu Lëtzebuerg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]