Diskussioun:Géisserei Wies

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat awer méi lasteg ass: Wou war déi Géisserei iwwerhaapt??--Cornischong 19:07, 13 Mäerz 2006 (UTC)

"Dampiewen": Dat schreift sech gutt, mee ech weess net wat dat ka sinn! -Cornischong 22:05, 13 Mäerz 2006 (UTC)

"fours à vapeur pour boulangeries" steet an enger Reklamm vun 1955

Tjo, bei "eis" steet " Si war zu Weimeschkierch an der rue Munchen-Tesch ". An der Reklamm op industries.lu steet "Eech". Dat ass net wäit ewech, mee do ass e Problem. --Cornischong 09:12, 17 Januar 2007 (UTC)

Dat ass wouer déi blöd Reklamm ass de Problem. Les Meloures 09:34, 17 Januar 2007 (UTC)

Weimeschkierch misst stëmmen: immeuble inscrit au cadastre de la commune de Luxembourg, ancienne commune d'Eich, section EC de Weimerskirch sous le numéro 168/3439, d'une contenance de 34 ares 32 centiares

Et soll een net alles gleewen wat an enger Reklamm steet :-)

--Fliedermaus 09:53, 17 Januar 2007 (UTC)


Wann déi al Gemeng Eech ordentlech beschriwwe wier da wisste mer vläicht datt Weimeschkierch an der Gemeng Eech war an datt d'Géisserei just op der Grenz vun den zwou Sektiounen hanner der Bréck louch. D'Gebaier si jo schliesslech nach do. An dann hu mer e Problem wéinst enger Reklamm. Oder soll een elo wéinst der Reklamm d'Gebaier reéckele goen. Deeër kann ech iech der all Dag honnert opzielen. Et mengt en heiansdo mer géifen um Mound liewen, an net nëmmen e puer Kilometer vun deene Saachen ewech wou mer Artikelen dervun hunn. (oder mol esouguer net). Les Meloures 09:58, 17 Januar 2007 (UTC)
D'Rue München-Tesch geet op der Bréck tëscht Eech a Weimerskiirch fort. Dat heescht déi ass emol op jiddferfall nach mat e puer Meter zu Eech (+/- 40). (geheim)
Se stoung, wéi d'Fliedermaus et schonns wëssenschaftlech recherchéiert huet (Merci) zu Weimeschkierch, gëtt awer vun den Awunner "Eecher Géisserei" genannt. w.z.b.w. --Cornischong 16:04, 17 Januar 2007 (UTC)
Moien,
weess vläicht een op déi Aarbechten um Gebai an der Tëschenzäit fäerdeg sinn?
Les Meloures 14:37, 27. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Aarbechte si fäerdeg an d'LGS sinn agezunn. E geneeën Datum weess ech awer elo net. --Pecalux 16:41, 27. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]