Péiter Onrou

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Péiter Onrou, och:
Beim groussen Härgott
Luxembourg, Péiter Onrou (100).jpg
D'Grott vum Péiter Onrou mat, uewendriwwer, dem "Groussen Härgott"
An anere Sproochen de: Peter Unruh
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 37’ 09.9’’ N
06° 07’ 48.2’’ O


De Péiter Onrou ass eng liewensgrouss Statu, déi an enger Grott am Crispinusfiels[1] am Eecherbierg, an der Stad läit. Vun der Kräizung Eecherbierg / Rue des Glacis féiert eng Trap biergop bei d'Grott an da weider bis an de Boulevard Paul Eyschen.

D'Grott war héchstwahrscheinlech déi lescht Statioun vun engem Kräizwee aus dem 17. Joerhonnert, dee vum Sichegronn bis bei de Crispinusfiels geféiert huet. Dëse Kräizwee ass op engem Plang vu 16?? agezeechent, deen an der éisträichescher Nationalbibliothéik läit[2].

De Site vum Péiter Onrou gouf den 9. November 2017 als nationaalt Monument klasséiert.[3]

Originne vun den Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Krispines geet op den Hellege Crispinus zréck, de Patréiner vun de Gierwer a Schouster, vun deenen der en etlech um Lampertsbierg gewunnt hunn.

Den Numm Péiter bezitt sech op de Péiter vu Mailand an d'Onrou kënnt dohier, datt en Onrou bei deene Männer sollt ervirruffen, déi hirer Fra oder Frëndin ontrei gi sinn.

Enger anerer Theorie no, geet den Numm Péiter op de Peter Marlé zréck, deen um Kadasterplang vun 1811 de Proprietär vum Terrain nieft dem "groussen Härgott" war. Wéinst dem Bau vun der Strooss huet dem Marlé säin Haus am haitegen Eecherbierg missen ofgerappt ginn et den Numm Péiter Onrou kéint dohier kommen[2].

D'Plaz huet nach aner Nimm: Beim groussen Härgott, Peter Onrou, Krispinusfiels, fréier och Petit Marly.

Den Numm Groussen Härgott bezitt sech net op d'Statu, déi läit, mä op d'Kräiz, dat uewendriwwer steet.

Statu vum Péiter Onrou[änneren | Quelltext änneren]

De Péiter Onrou hanner Trueljen

D'Statu selwer huet keng Attributer an et gëtt ugeholl, datt se de Christus duerstelle soll[4]. Anere Quellen no, handelt et sech ëm de Läichnam vum Hl. Crispinus[5].

Déi ursprénglech Statu vum Péiter Onrou aus dem 17. Joerhonnert war geklaut ginn, a se gouf dunn am 19. Joerhonnert ersat. Dës „nei“ Statu ass am Krich vum Albert Hames restauréiert ginn a koum an de Musée. An der Grott läit deemno eng Kopie dovun[2].

Awerglawen[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Statu ass eng Traditioun an en Awerglawe verbonnen[6]: Dofir goufen a ginn alt ëmmer nees Käerze beim Péiter opgestallt, an déi Nolen oder Spéngele gepickt ginn. Beim Ofbrenne vun der Käerz gëtt d'Spéngel gliddeg a spréngt of. Den Ontreie sollt an deem Ament, sou wëll et den Awerglaf, och e Stéch spieren an "onroueg" ginn. Duerch déi Käerzen ass d'Statu dann och plazeweis ugebrannt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Gessler, Jean. (1948). Peter Unruh of de folkloristische metamorphose van een liggend Christusbeeld : Een volks- en letterkundige schets door J. Gessler. Antwerpen: "Volkskunde"
  • Hess, Joseph: (1960) Nadelzauber in: Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Lëtzebuerg, 1960 S. 131-133.
  • Aschmann, Paul: Pe'ter Onro'h, der seltsame Heilige. Revue N° 9 vum 2. Mäerz 1956 S.4-7 a 34 mat 15 Fotoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péiter Onrou – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och an der Schreifweis Krispinesfiels ze fannen
  2. 2,0 2,1 2,2 De „Péiter Onrou“ um Crispinusfiels an: Lampertsbierger Geschichtsfrënn. (2018). De Lampertsbierg : Histoire d'un quartier florissant. Luxembourg: Lampertsbierger Geschichtsfrënn a.s.b.l. ISBN 978-99959-934-8-1
  3. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 8. August 2019).
  4. Blanche Weicherding-Goergen, Le mystère de saint Crépin et de Péiter Onrou à la côte d'Eich, kuckt: um Spaweck
  5. Der heilige Crispinus zu Luxemburg am Luxemburger Wort, 28.04.1873
  6. Gerry Erang, Cheating partner? Visit the Peter Onrou statue in Luxembourg City for revenge! RTL today, 26.07.2019