Crispinus a Crispinianus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Hl. Crispinus an
Hl. Crispinianus


?? – ëm 285 - 287
De Crispinus an de Crispinianus
Detailer
Beatifikatioun
Kanonisatioun
Ënner dem Poopst
Gedenkdag 25. Oktober

Den hellege Crispinus[1] a säi Brudder den hellege Crispinianus, gebuer zu Roum a gestuerwen zu Soissons ëm 285 - 287, ware chrëschtlech Helleg a Märtyrer. Se ginn als Patréiner vun de Gierwer, Suedler a Schouster veréiert. D'Katholiken an d'Orthodoxe feiere si de 25. Oktober.

Legend a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Crispinus a säi Brudder Crispinianus, zwéi Jongen aus enger räicher, wuelsituéierter réimescher Famill, koumen op Soissons, fir de chrëschtleche Glawen ze verbreeden. Si hunn als Schouster geschafft an hunn domat genuch verdéngt fir no sech selwer ze kucken a fir gläichzäiteg fir déi Aarm ze spenden. Awer och do huet de Keeser Diokletian a säi Matkeeser Maximian d'Verfolgung vun de Chrëschten ëmgesat. Déi zwee Bridder goufe bei de Maximian bruecht, dee mat Verspriechen a Menacë versicht huet, si vun hirem Glawen ofzebréngen, wat him awer net gelongen ass. Dofir huet de Maximian si bei de Prefet Rictiovarus bruecht, deen als besonnesch grausame Verfolleger vun de Chrëschte bekannt war. Hien huet hinne pickeg Lëtschen ënner d'Fangerneel stiechen, flëssege Bläi iwwer se schëdden, se an d'Feier an an d'äiskaalt Waasser geheie gelooss. Well och net geklappt huet si mat engem schwéiere Millesteen z'erdrénken, goufen se allebéid guillotinéiert.

Veréierung[änneren | Quelltext änneren]

De Gedenkdag vun de Märtyrer ass de 25. Oktober. Hir Reliquie goufen deels op Soissons an deels an d'Kathedral vun Osnabrück iwwerdroen. Se sinn dowéinst d'Patréiner vun dësen zwou Stied. De Kinnek Sigebert I. huet am Joer 570 e puer Reliquie vu Soissons op Lisdorf (Saarlouis) féiere gelooss, wou se an den Altordësch vun der Porkierch agemauert goufen.

Wéinst hirer duerch d'Seechen iwwerliwwerten Aktivitéite sinn de Crispinus an de Crispinianus d'Schutzpatréiner vun de Schouster, Suedler an de Gierwer. Hir Attributer als Märtyrer sinn e Schwäert, eng Palm an e Millesteen an d'Zeeche vun hirem Beruff sinn d'Schong, e Schoustermesser, eng Éil oder eng Zaang.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Well de Crispinus an de Crispinianus d'Patréiner vun de Schouster sinn, war fréier d'Patronatsfest vun dësem Beruffsstand och ëmmer ëm de 25. Oktober, dem Gedenkdag vun den Hellegen[2][3].

Fir un de Crispinus z'erënnere gouf an der Stad eng Strooss no him genannt: de Crispinusbierg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och alt: Krispinus oder Krispines
  2. D'Schousterhandwierk éiert säi Patréiner, den Hl. Crispinus. an: D'Unio’n : 18.10.1947 (1947). S. 7
  3. St. Crispinus-Patronatsfest der Schuhmachermeister. (1949). an: Luxemburger Wort : 25.10.1949, S. 3