Diskussioun:Pierre Joseph Proudhon

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Pierre Joseph Proudhon, deen aus bescheidene Verhältnesser koum

Dem Proudhon säi Papp war Kéifer. Do waren d'Verhältnesser (wéinstens virun der Faillite) net bescheiden, well sou Betriber hu meeschten richteg Sue verdéngt. --80.201.112.91 08:08, 8. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]

D'Famill hat ländlech Wuerzelen, d'Grousseltere ware kleng Bauere gewiescht, ouni perséinlech Fortune. De Papp hat ee "Betrib" : hien + 1 Gesell a vläicht och nach 1 Léierbouf. Wéivill Fässer hunn se an engem Mount wuel verkaf kritt? Et gouf sécher och Konkurrenten, déi besser opgestallt waren. De klenge P. J. huet mat siewen d'Kéi gehitt (net emol der Famill hir, well déi hat héchstens eng Kou). De Papp huet "sou richteg Sue gemaach", datt en de "Betrib" huet mussen opginn, wat du verhënnert huet, datt de P. J. säi Secondaire konnt ofschléissen... Conclusioun: de P. J. Proudhon koum aus bescheidene Verhältnesser.