Laure Hammes-Quittelier

Vu Wikipedia
Laure Hammes-Quittelier
Gebuertsnumm Laure Quittelier
Gebuer 23. August 1931
Etterbeek
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Graphiker
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

D'Laure Hammes-Quittelier, gebuer den 23. August 1931 zu Etterbeek, ass eng belsch Grafikerin.[1]

Liewen an Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Laure Quittelier ass vun 1945 bis 1950 an d'École Fernand Cocq zu Ixelles gaangen[2] an huet duerno zu Bréissel am Atelier vun hirem Grousspapp, dem belsche Grafiker Henri Quittelier, geschafft. No hirem Bestietnes mat engem Jong vum Charles Léon Hammes, Riichter a President vum Geriichtshaff vun der CECA, huet si sech zu Lëtzebuerg néiergelooss[3]. Vun 1972 bis 1979 hat si Coursë beim Kënschtler Roger Bertemes, dem Grënner vum Gravuratelier am Lycée des arts et métiers. Si huet 2009 eng Monographie iwwer hire Grousspapp publizéiert, duerno Bicher iwwer deem seng Erfarunge wärend dem Éischte Weltkrich a senge Joren an der Akademie zu Nivelles.[4]

D'Laure Hammes-Quittelier mécht ënner anerem Gravurë vun Elementer aus der Natur op typesche Lëtzebuerger Plazen, souwéi abstrakt Wierker mat symboleschen Elementer.[3]

Si ass Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg,[5] an huet zënter 1975 u Salone vum CAL deelgeholl.[6] Hir Aarbecht ass ënner anerem an de Sammlunge vun der Belscher Nationalbibliothéik, vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht an vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik opgeholl ginn.[2]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009 Henri Quittelier 1884-1980 : Peintre, graveur, décorateur et apiculteur. Brussel: Éditions Echancrure. ISBN 2960008421.
  • 2018 C'était le 1er août 1914 : documents et correspondance de guerre de Henri Quittelier.[7]
  • 2020 Henri Quittelier chez les Aclots.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Laure Hammes-Quittelier", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. 2,0 2,1 Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. S. 118. ISBN 2-87963-382-6.
  3. 3,0 3,1 Paul Piron (2016) De Belgische beeldende kunstenaars van de 19e tot de 21e eeuw. Brussel: Ludion. ISBN 9789491819643. S. 1153.
  4. "Laure Quittelier", LinkedIn.
  5. HAMMES Laure, Cercle artistique de Luxembourg.
  6. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxemburg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  7. Laure Hammes-Quittelier, "Henri Quittelier, combattant de la Grande guerre, IV Sainte Adresse, Havre - Correspondance décembre 1916 - avril 1917", Ucclensia, n° 271, Oktober 2018, S. 5-23.