Geriichtshaff vun der CECA

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Geriichtshaff vun der CECA bei senger éischter Sëtzung (Oktober 1954): Zweete vu lénks ass de President Massimo Pilotti, drëtte v. l. de Lëtzebuerger Charles-Léon Hammes
Éischten Arrêt vum Geriichtshaff vun der CECA

De Geriichtshaff vun der CECA ass am Kader vum Traité iwwer d'Kuel- a Stolgemeinschaft (CECA) geschaf ginn an huet den 10. Dezember 1952 an der Villa Vauban zu Lëtzebuerg seng Aktivitéiten opgeholl. Hie war zoustänneg fir d'Rechtskonflikter, déi sech aus der Applikatioun vum Traité CECA erginn hunn. Am Kader vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun ass aus him een Europäesche Geriichtshaff ginn. Seng éischt Aarbechtssëtzung huet am Oktober 1954 stattfonnt.

Ursprénglech Zesummesetzung vum CECA-Geriichtshaff (1952)[änneren | Quelltext änneren]

Bei senger Constitutioun, den 10. Dezember 1952, war de Geriichtshaff vun der Montanunioun (CECA) follgendermoossen zesummegesat:

De Geriichtshaff vun der CECA ass assistéiert gi vum Albert van Houtte, Greffier, (Belsch)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Säit vun der Europäescher Cour

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.