Toni Morrison

Vu Wikipedia
Toni Morrison
Gebuertsnumm Chloe Ardelia Wofford
Gebuer 18. Februar 1931
Gestuerwen 5. August 2019
Bronx
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Cornell University
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Librettist, Universitéitsprofesser, Dichter, Kannerbuchauteur, Lauschterbuchspriecher, Redakter
Member vun American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences, Alpha Kappa Alpha

D'Toni Morrison, gebuer als Chloe Ardelia Wofford den 18. Februar 1931 zu Lorain am Ohio a gestuerwen de 5. August 2019 zu New York City[1], war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin. Si gëtt zu de bedeitendste Vertrieder vun der afroamerikanescher Literatur gezielt a krut 1993 de Literaturnobelpräis.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Toni Morrison war dat zweet vu véier Kanner vun enger afroamerikanescher Aarbechterfamill, dat vu kleng u gär gelies huet. Vun 1949 bis 1955 huet si op der Howard University zu Washington, D.C. an op der Cornell University Anglistik studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss. Si gouf dono Dozentin fir Englesch Literatur, fir 2 Joer op der Texas Southern University zu Houston, an dono op der Howard University. Si war vun 1958 bis 164 mam jamaikaneschen Architekt Howard Morrison bestuet, mat deem se zwéi Jonge krut. No hirer Scheedung war si vun 1967 bis 1983 Lektorin am Random House Verlag, wou si eng wichteg Roll dobäi gespillt huet, der afroamerikanescher Literatur ze hëllefen, sech z'etabléieren. 1970 huet si hiren éischte Roman, The Bluest Eye, publizéiert. 1974 koum Sula eraus, béid krute gutt Kriticken, ma eréischt mat Song of Solomon (1977) hat si och Succès beim Public.

D'Toni Morrison huet, wärend se Lektorin war, och nees als Dozentin geschafft; 1988 gouf se Member vun der American Academy of Arts and Sciences, 1989 Professorin fir Geeschteswëssenschaften an huet zanterhier e Léierstull op der Princeton Universitéit.

Nieft dem Nobelpräis fir Literatur krut si ë. a. och de Pulitzer-Präis (1988) an de Premio Grinzane Cavour (2001). 2010 gouf d'Toni Morrisson als Ritterin an d'Légion d'honneur opgeholl. 2012 krut se d'Presidential Medal of Freedom vum President Obama iwwerreecht.

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • The Bluest Eye, 1970
  • Sula, 1973
  • Song of Solomon, 1977
  • Tar Baby, 1981
  • Beloved, 1987
  • Jazz, 1992
  • Paradise, 1998
  • Love, 2003
  • A Mercy, 2008
  • Home, 2012

Aner literaresch Genren[änneren | Quelltext änneren]

  • Kurezgeschicht: Recitatif, in Confirmation: An Anthology of African American Women, 1983
  • Drama: Dreaming Emmet, 1986 opgefouert, net publizéiert
  • Libretto: Margaret Garner, 2005 uropgefouert
  • Kannerbicher (zesumme mat hirem Jong Slade):
    • The Big Box, 1999
    • The Book of Mean People, 2002
    • Who's Got Game?: The Lion or the Mouse?, 2003
    • Who's Got Game?: The Ant the Grasshopper?, 2003
    • Who's Got Game?: Poppy or the Snake?, 2004

Aner Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Playing in the Dark: Whiteness and the Literary Imagination, 1992
  • Mat-Editrice vunBirth of a Nationhood, 1996
  • Editrice vun Race-ing Justice, En-Gendering Power, 1992

Literatur iwwer d'Toni Morrison[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Toni Morrison – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Savigneau, J. 2019. Toni Morrison. Ecrivaine américaine, Prix Nobel de littérature. Le Monde datéiert vum 8. August 2019, S. 23.