William Frederick Denning
Ausgesinn
William Frederick Denning | |
---|---|
Gebuer | 25. November 1848 |
Gestuerwen |
9. Juni 1931 Bristol |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Astronom |
De William Frederick Denning, gebuer de 25. November 1848 zu Redpost am Somerset, a gestuerwen den 9. Juni 1931 zu Bristol, war en engleschen Astronom.
Hien huet vill Zäit mam Opfanne vu Koméite verbruecht, wat him och gelongen ass. Zu sengen Entdeckunge gehéieren de periodesche Koméit 72D/Denning-Fujikawa an deen an der Tëschenzäit verluerene Koméit D/1894 F1.
Hien hat ausserdeem Meteore gesicht an ënnersicht. Hien huet och no Novae gesicht an dobäi d'Nova Cygni 1920 entdeckt.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1898 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
- Ausserdeem ass jee e Krater um Mars an um Äerdmound no him genannt.