Erny Brenner
Ausgesinn
| Erny Brenner | |
|---|---|
| Gebuer |
13. September 1931 Diddeleng |
| Gestuerwen |
9. Juli 2016 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
| Veräin/Ekipp |
FC Aris Bouneweg, Stade Dudelange, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
|
| |
Den Ernest "Erny" Brenner, gebuer den 13. September 1931 zu Diddeleng, a gestuerwen den 9. Juli 2016 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]
Tëscht dem 10. Abrëll 1955 am 19. September 1965 huet hien a 67 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 5 Goler geschoss.[3]
Mat 12 Joer huet den Erny Brenner beim Stade Diddeleng ugefaangene Foussball ze spillen. Duerno ass e bei d'Aris Bouneweg gewiesselt. Mat 21 Joer ass hien erëm zeréck bei de Stade Diddeleng gewiesselt, wou e bis 1965 als Back a Kapitän gespillt huet.
Den Erny Brenner war bestuet an huet ee Kand. Säi Bouf Romain war och Foussballspiller zu Diddeleng an ass fir den Ament (2016) Vizepresident vum F91.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 12. Juli 2016, S.53
- ↑ Den Erny Brenner op der Websäit profoot.lu Archivéiert de 26.07.2014. Gekuckt de 26.11.2011.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Erny Brenner op der Websäit vun European Football
