James Cronin

Vu Wikipedia
James Cronin
Gebuer 29. September 1931
Chicago
Gestuerwen 25. August 2016
Saint Paul
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Accademia Nazionale dei Lincei, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Physical Society

Den James Watson Cronin, gebuer den 29. September 1931 zu Chicago, a gestuerwen de 25. August 2016 zu Saint Paul, am Minnesota[1], war en US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.

Hien huet op der University of Chicago, promovéiert, wou en 1971 Professer gouf. Virdrun huet hien, vun 1958 bis 1971 op der Universitéit Princeton enseignéiert.

Dem Cronin säi Fuerschungsgebitt war den Zerfall vun Hyperonen an d'produzéiere vu Myon. Hien huet déi Total Wierkungssektioun vun der Pion-Proton-Verspreedung bestëmmt an d'Fonkekummer vervollstännegt.

Méi spéit huet hien de Cronin-Effekt erfuerscht, an och, am Pierre-Auger-Observatorium, déi kosmesch Stralung.

Hie war zënter 1967 Member vun der American Academy of Arts and Sciences an zënter 1970 vun der National Academy of Sciences. 1980 krut de Cronin zesumme mam Val Fitch de Physik-Nobelpräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Cronin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) Nobel laureate James Cronin dies at 84. Physics World, 26. August 2016, gekuckt de 26. August 2016.