Val Fitch

Vu Wikipedia
Val Fitch
Gebuer 10. Mäerz 1923
Merriman
Gestuerwen 5. Februar 2015
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University,
Northwestern University
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science, American Physical Society

De Val Logsdon Fitch, gebuer den 10. Mäerz 1923 zu Merriman, am Nebraska, a gestuerwen de 5. Februar 2015 zu Princeton, am New Jersey[1]) war en US-amerikanesche Physiker.

Hie krut 1980 zesumme mam James Cronin den Nobelpräis fir Physik "fir d'Entdeckung vu Verletzunge vu fundamentale Symmetrieprinzipie beim Zerfale vun neutrale K-Mesonen".

Hie war zënter 1960 Professer op der Princeton Universitéit. Do huet hie säin Intressi op K-Mesone verlagert. 1964 huet hie mam James Cronin eng Rëtsch Experimenter gemaach, bei där s'entdeckt hunn, datt d'CP-Invarianz beim Zerfall vun neutrale K-Mesone verletzt géif.

De Fitch war zënter 1966 Member vun der National Academy of Sciences.[2]

Nieft dem Nobelpräis fir Physik (1980) krut hien ë. a. 1993 d'National Medal of Science.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nobel laureate and Princeton physicist Val Fitch dies at age 91. op Princeton.edu, 6. Februar 2015.
  2. Val L. Fitch. op NasOnline.org.