Jean Dondelinger

Vu Wikipedia
Jean Dondelinger
Gebuer 4. Juli 1931
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Oktober 2004
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Diplomat, Affekot, Politiker

De Jean Dondelinger, gebuer de 4. Juli 1931 a gestuerwen den 21. Oktober 2004, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.

Hien huet säin Droitsstudium zu Nanzeg a Paräis mat engem Doktorat ofgeschloss an huet eng Lizenz fir Politologie vum St. Anthony's College zu Oxford.

1958 ass e vu senger Affekotsetude an den Ausseministère gewiesselt, wou en Directeur adjoint fir international Wirtschaftsrelatioune gouf.

Tëscht 1975 an 1984 war e Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Communautéit (der spéiderer Europäescher Unioun).

Duerno gouf e Generalsekretär am Ausseministère.

Vun 1989 bis 1993 war en, ënner der Presidence vum Jacques Delors, Member vun der Europäescher Kommissioun ("Kommissär"), an do zoustänneg fir d'Dossieren Informatioun, Kommunikatioun, Kultur an Audiovisuell Medien.

Duerno war de Jean Dondelinger Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Griicheland.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Silbernes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten