Empire State Building

Vu Wikipedia
Den Emire State Building

Den Empire State Building ass en Héichhaus, dat zu New York an der 5th Avenue an West 34th Street ze fannen ass. Bis zum Bau vum World Trade Center war et 40 Joer laang dat welthéchstent Gebai.

Den Empire State Building ass ausserdeem vun der American Society of Civil Engineers zu engem vun de 7 Weltwonner vun der moderner Welt erkläert ginn. D'Gebai gehéiert der Firma W&H Properties.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Do, wou haut den Empire State Building steet, war am 18. Joerhonnert eng Farm, déi dem John Thomson gehéiert huet.

Den 28. Juli 1945 ass e Bomber an déi nërdlech Säit vum Empire State Building geflunn. De Brand konnt banne 40 Minutte geläscht ginn. 14 Leit sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Trotz der Katastroph war den Empire State Building d'Woch drop erëm betribsfäeg.

An der Zäit hunn iwwer 30 Leit sech do d'Liewe geholl.

Fakten[änneren | Quelltext änneren]

  • ongeféier 55.000 t Stol
  • 10 Milliounen Zillen
  • ongeféier 760 km elektresch Leitungen
  • 96 km Wasserréier
  • 5600 km Telefonskabel
  • 6379 Fënsteren
  • méi wéi 850 Locatairen an iwwer 6000 Büroen
  • ronn 715.000 m2 Bürofläch zum Loyer zwëscht 80 an 600 USD/m2
  • Totalgewiicht ongeféier 331.000 t (365.000 US-Tons)
  • Ongeféier 5660 m3 Sandsteng
  • 30.000 m2 Marmerbuedem
  • Stroumverbrauch: iwwer 40 Millioune kWh pro Joer
  • iwwer 1100 Toiletten
  • 73 Lifter a Schächt vun 11 km total Längt
  • 102 Stäck
  • 1860 Träppleker vun der Strooss aus bis op d'Spëzt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Empire State Building – Biller, Videoen oder Audiodateien