Adalbert Boros
Ausgesinn
| Adalbert Boros | |
|---|---|
| Gebuer |
18. Mee 1931 onbekannt |
| Gestuerwen |
26. Abrëll 2013 Iechternach |
| Alter | 81 Joer |
| Nationalitéit | Ungarn |
| Aktivitéit | Ingenieur |
|
| |
Den Adalbert ("Albert") Boros, gebuer den 18. Mee 1931 an Ungarn a gestuerwen de 26. Abrëll 2013 zu Iechternach, war en ungareschen Ingenieur.[1]
Den Albert Boros war 1955 op Lëtzebuerg komm, wou en als Ingenieur geschafft huet. Hien huet ë. a. um Bau vun der Rouder Bréck an dem Barrage vun Esch-Sauer matgeschafft. Vun den 1970er Jore bis 2006 huet hien als Strummert op der Stater Gare gelieft a war sou ville Leit bekannt, absënns Studenten, deenen e bei de Matheshausaufgabe gehollef huet.
Seng lescht Joren huet hien an engem Fleegeheem zu Iechternach verbruecht.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Adalbert Boros, le clochard le plus connu du Luxembourg est mort publizéiert op wort.lu den 1. Mee 2013 ëm 13:10
